Méchela
Uertschaft an der Gemeng Buerschent
Méchela ass eng Uertschaft an der Gemeng Buerschent.
Méchela | |
---|---|
Vue op Méchela, vum Donatus Monument aus. | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Michelau de: Michelau |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Buerschent |
Buergermeeschter | Annie Nickels-Theis |
Awunner | 331 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 268 m |
Koordinaten |
49° 53’ 53’’ N 06° 05’ 29’’ O |
Méchela am Iwwerbléck
ännerenMéchela läit um lénksen Uwänner vun der Sauer.
De Mëttelpunkt vum Duerf ass d'Al Schoul an där haut nach ëmmer Festivitéiten ofgehale ginn.
Méchela ass bei den Éisleker Leit bekannt fir d'Disco "Moonlight" déi et vun 1979-2003 gouf. Dëst am alen "Hôtel des Ardennes" vis-à-vis vun der Gare. D'Gebai gouf 2021 ofgerappt, nodeems et ronderëm komplett verwëldert war. Zur Sauer zou, um alen Futtballterrain, soll e Park entstoen.
Kuckeswäertes
änneren- D'Buerschterschlass. D'Schlass läit nordwestlech vu Méchela op enger Nock tëscht dem Schleedbësch an der Fuusslee, an et huet een eng gutt Vue iwwer Méchela.
- D'Donatus Monument. D'Monument steet op enger Héicht am Agang vun der Uertschaft aus Richtung Fléiber. E Chronogramm, deen op Däitsch verfasst ass, ergëtt d'Joreszuel 1862.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Méchela – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-
Sauerbréck
-
Sauer zu Méchela vum Buerschterschlass aus
-
Donatusmonument