D'Gare vun Draufelt ass eng Gare op der Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Wëlwerwolz an der Gare Klierf vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Draufelt
Streck 1
PK 70.960
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Draufelt
Gemeng Klierf
Kanton Klierf
Koordinaten 50° 01’ 01’’ N
      06° 00’ 26’’ O
Websäit CFL.lu

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare Draufelt huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

D'Halt vun den Zich direkt beim Gleisiwwergank PN. 43 (PK 71,214) iwwer den CR325, an no bei den Haiser, ass eng 250 m vun där aler Gare ewech, déi e gutt Stéck baussent dem Duerf a Richtung Fréiresmillen läit, an zanter Joren a privatem Besëtz ass.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Wëlwerwolz   RE
CFL-Linn 10 
  Klierf Ëlwen
Lëtzebuerg Wëlwerwolz   IC
CFL-Linn 10 
  Klierf Ëlwen / Liers

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Draufelt – Biller, Videoen oder Audiodateien