Tunnel Hockslee

eegleisegen Eisebunnstunnel op der CFL-Nordstreck

Den Tunnel Hockslee (och nach Tunnel Hockslay) ass en 143 Meter laangen eegleisegen Eisebunnstunnel op der CFL-Nordstreck, tëscht de Kilometerpunkten 61,523 an 61,666. Beim Nordportal vum Tunnel, kuerz virun der Kautebaacher Gare, kënnt en zweet Gleis bäi.

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tunnel Hockslee
Nordportal vum Tunnel Hockslee, vun der Kautebaacher Gare aus gekuckt
Typ Eisebunnstunnel
Eisebunnstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz
Technesch Donnéeën
Längt 143 m.
Kapp 1
Koordinaten
49° 56’ 40.7’’ N
      06° 01’ 29.4’’ O
Gare Kapp 1 Gare Giewelsmillen
Kapp 2
Koordinaten
49° 56’ 45.1’’ N
      06° 01’ 28.9’’ O
Gare Kapp 2 Gare Kautebaach
Bau
Bauzäit1860
Opgemaach fir de Verkéier 1866
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Éislek

E läit tëscht dem Tunnel Schwaarzepull an der Gare vu Kautebaach, an der Gemeng Kiischpelt.

Den Tunnel gouf ëm 1860 gebaut an ass 1866 fir den Trafick opgaangen. En huet den Numm vun der Gestengsformatioun Hockslee, déi ëstlech vum Tunnel, déi Säit der Wolz läit.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tunnel Hockslee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren