European Train Control System

De European Train Control System (kuerz ETCS) ass en Zuchsécherungssystem dee vun der International Union of Railways entwéckelt gouf.

Eng ETCS Balise op der Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg zu Wecker.
ETCS-System wéi en an enger Automotrice CFL 2000 installéiert ass

Einfach ausgedréckt besteet de System aus engem Bordcomputer dee permanent d'Vitess vum Zuch mat der erlaabter Maximalvitess op engem gewësse Streckendeel vergläicht an automatesch den Zuch beim Iwwerschreide vun där Vitess ofbremst. D'Informatioun kritt en iwwer eng Standardbalise (Eurobalise), déi am Gleis läit.

Den ETCS ass eng vun den zwou Basiskomponente vum ERTMS. Déi aner ass de GSM-R.

Niveauen änneren

Niveau 0 änneren

Beim Niveau 0 ass d'Zuchsécherung vun der Streck ausgeschalt, d'Installatiounen op der Maschinn iwwerwaachen nëmmen d'Héchstvitesse vum Zuch. De Mecanicien muss d'Signaler op der fräier Streck ouni Beaflossung respektéieren.

Niveau STM/NTC änneren

Niveau 1 änneren

 
Fonctionnement vum ETCS Niveau 1
EVC = European Vital Computer (Bordcomputer)
LEU = Lineside Electronics Unit (Commande vun de Balisen)
(1) = Gleisstroumkrees (oder aner Detektiounssystemer)
(2) = Signalisatiounskabinn

Den ETCS Niveau 1 (L1) gëtt meeschtens mat engem Signalsystem gebraucht, dat scho besteet, wat awer net onbedingt eng Viraussetzung derfir ass. Den unidirektionellen Datenaustausch vun der Streck op d'Zuchmaschin oder Steierwon geschitt nëmmen op bestëmmte Plazen. Dofir ginn am Gleis Balise wéi Eurobalisen oder Euroloopen installéiert, deenen hir Date vum Zuch gelies gi, wann en driwwer fiert a fir d'Iwwerwaachung ausgewäert ginn. Nieft de Festdatebalisen deenen hir Daten ni änneren, kommen och schaltbar Balisen an den Asaz. Déi sinn un eng LEU ugeschloss do op Basis vu Stellwierks- oder Signalinformatiounen en Telgramm un déi Balise schéckt. D'Gleisfräimeldung geschitt mat konventionelle Methoden wéi z. B Achsenzieler oder Gleisstroumkrees.

Den Niveau 1 ass den ETCS-Niveau deen um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz installéiert ass.

Niveau 2 änneren

Den Niveau 2 gëtt virun allem op Héichvitessstrecken agesat. D'Geschwindegkeetsdate ginn dobäi iwwer den Datefunk vum GSM-R iwwerdroen, wärend d'Eurobalisen als Positiounsbestëmmer agesat ginn. Duerch d'Méiglechkeet, konstant Daten tëscht der Streckenzentral (RBC = Radio Block Center) an dem Gefier iwwerdroen ze kënnen - an dat och am Stëllstand - kann d'Streckenauslaaschtung an d'Sécherheet géigeniwwer dem Niveau 1 erhéicht ginn.

D'Informatiounen iwwer fräi Gleisofschnëtter gi wéi och beim Niveau 1 iwwer Gleisfräimeldunge vum Stellwierk un d'Streckenzentral geschéckt. D'Streck ass - wéi och bei konventionnelle Regionalbunnen - an Ofschnëtter, sougenannt "Bléck" ënnerdeelt, an en Zuch däerf nëmmen an den nächste Block erafueren, wann deen net nach vun engem aneren Zuch besat ass, mä als "fräi" gemellt ass.

Niveau 3 änneren

Technik änneren

Eurobalise änneren

Eng Eurobalise ass e magnéitesch gekoppelten Transponder, deen tëscht de Schinnen am Gleis montéiert ass an entweeder statesch (net verkabelt) oder dynamesch (verkabelt) Informatiounen un d'Maschinn iwwerdréit wann déi driwwer fiert. De Guet op der Maschinn ass de Balise Transmission Module (BTM).

Euroloop änneren

Den Euroloop ass en Deel vun engem linnefërmegen Transmissiounssystem fir Daten tëscht Schinnegefierer an der signaltechnescher Streckenausrëschtung. Et ass eng Erweiderung vum Eurobalisesystem am ETCS Niveau 1.

Et ass ee spezielle Schlitzkabel dee laanscht d'Schinn läit, an dee maximal 1.000 m laang däerf sinn. D'Géigestéck op der Maschinn ass de Loop Transmission Module (LTM)

Radio Block Center änneren

De Radio Block Center (RBC) ass eng Streckenzentral, déi bei den ETCS Niveauen 2 an 3 agesat gëtt, an den Interface tëscht dem Stellwierk an de Gefierer op der Streck ass. Ausserdeem iwwerwaacht den RBC d'Geschwindegkeet, d'Positioun an d'Richtung vun den Zich a rechent d'Bremsweeër vun de Gefierer op der Streck aus. An der anerer Richtung iwwerdréit den RBC Informatioune wéi Héchstvitesse, Bremsweeër an aner Informatioune wéi z. B. Haaptschalter opmaache via GSM-R un d'Gefierer op der Streck.

ETCS zu Lëtzebuerg änneren

Mat der Installatioun vum ETCS-Niveau 1 gouf zu Lëtzebuerg Mëtt der 2000er Joren ugefaangen an an der Tëschenzäit ass dat ganzt lëtzebuergescht Netz dermat ekipéiert. Den Installateur war Alcatel.

Den ETCS an de Memor II+ solle bis den 30. Juni 2017 parallel existéieren. Vum 1. Juli 2017 ass den ETCS dann den eenzege gëltegen Zuchsécherungssystem um Lëtzebuerger Eisebunnsreseau. Bis de System offiziell a Betrib geet däerfen am kommerzielle Betrib nëmmen d'CFL-Zich mam ETCS fueren.[1]

CFL änneren

An der Testphase goufen am Ufank 10 Gefierer mam ETCS ekipéiert, an zwar dräi CFL 2100, véier CFL 2000 an dräi CFL 3000.

Am Juni 2015 waren all d'Automotricë vum Typ 2000 an 2300, mam ETCS N1 équipéiert.

Enn 2017 war all d'Traktiounsmaterial an d'Steierween am Voyageursservice vun der CFL mam ETCS N1 équipéiert[2].

Um Spaweck änneren

Commons: European Train Control System – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Document de Référence du Réseau Säit 28 Gearchiveerd op 2016-09-11. Gekuckt de(n) 2016-05-09.
  2. Rapport annuel 2017 (CFL) Avant propos, S. 4