Martin Luther King, Jr.

(Virugeleet vu(n) Martin Luther King)

De Martin Luther King, Jr., gebuer als Michael King jr. de 15. Januar 1929 zu Atlanta a gestuerwen (ermuert) de 4. Abrëll 1968 zu Memphis (Tennessee), war en US-amerikanesche Biergerrechtler a Friddensnobelpräisdréier.

Martin Luther King, Jr.
De Martin Luther King schwätzt 1963 um Biergerrechtsmarsch op Washington D.C.
Gebuertsnumm Michael King Jr.
Gebuer 15. Januar 1929
Atlanta
Gestuerwen 4. Abrëll 1968
Memphis
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit USA
Educatioun Boston University
Aktivitéit Theolog, Priedeger, Schrëftsteller, Paschtouer, Pazifist, Humanitarier, Mënscherechtler, Friddensaktivist, Politiker
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Coretta Scott King

Aus Veréierung fir de Luther huet de Martin King 1935 dësem säin Numm ugeholl.

Als baptistesche Geeschtleche gouf hien zanter uganks de Fofzegerjoren de Virkämpfer vun der US-amerikanescher Antisegregatiounsbeweegung, déi fir déi selwecht Rechter fir déi Schwaarz an d'Eliminatioun vun alle Rasselimitatioune gefuerdert huet. No dem Virbild vum Mahatma Gandhi huet de Martin Luther King zum passive Widderstand géint Rassentrennungsgesetzer opgefuerdert, virun allem an deene vun der Diskriminéierung vun de Schwaarze besonnesch betraffene Stied am Süde vun de USA. Wéinst dësen Opriff koum de Martin Luther King e puermol an de Prisong.

No den éischte Succèse vum Martin Luther King an d'Ophiewe vun der Rassentrennung an de Verkéiersmëttel vun der Stad Montgomery goufen eng Rei vun Attentater op de Martin Luther King duerch wäiss Rassefanatiker probéiert. De 4. Abrëll 1968 ass de Martin Luther King bei engem Attentat zu Memphis erschoss ginn.

1964 krut hien de Friddensnobelpräis.

Den 11. Dezember 1964 krut de King zu Oslo de Friddensnobelpräis iwwerreecht. D'Präisgeld an Héicht vu 54.000 US-Dollar huet hien engem Fong vu senger Beweegung gespent. D'Time Magazine huet hien 1943 zum "Mann vum Joer" gekiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Martin Luther King – Biller, Videoen oder Audiodateien