Gary Cooper

US-amerikanesche Schauspiller


De Frank James "Gary" Cooper, gebuer de 7. Mee 1901 zu Helena, Montana, a gestuerwen den 13. Mee 1961, war en US-amerikanesche Filmschauspiller. Hie war bekannt fir säi stoeschen, onspektakuläre Stil, mat deem e seng Personnage verkierpert huet, an hat grousse Succès souwuel a Western-Filmer (High Noon), wéi och a Krimien (City Streets), Comédien (Mr. Deeds Goes to Town) oder Dramen (The Pride of the Yankees).

Gary Cooper
Gebuertsnumm Frank James Cooper
Gebuer 7. Mee 1901
Helena
Gestuerwen 13. Mee 1961
Beverly Hills
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Grinnell College
Aktivitéit Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Partei Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Veronica Cooper
Papp Charles Henry Cooper
Mamm Alice Cooper
Kand Maria Cooper Janis

Seng Carrière huet sech vun 1925 bis kuerz viru sengem Doud erstreckt, a bestoung aus iwwer honnert Filmer. Ier e Schauspiller gouf, war hien ë. a. Reesender fir elektresch Schëlter a Rideaue fir den Theater.

De Cooper gouf fënnefmol fir den Oscar als beschte Schauspiller nominéiert, an huet d'Statu zweemol gewonnen. (fir Sergeant York an High Noon). 1961 krut hien ausserdeem en Éieren-Oscar.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1926 bis 1929 änneren

vun 1930 bis 1939 änneren

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1961 änneren

Bibliographie änneren

  • Arce, Hector. Gary Cooper: An Intimate Biography. New York: Bantam Books, 1980, First edition 1979. ISBN 978-0-553-14130-6.
  • Janis, Maria Cooper. Gary Cooper Off Camera: A Daughter Remembers. New York: Harry N. Abrams, Inc., 1999. ISBN 978-0-8109-4130-4.
  • Meyer, Jeffrey. Gary Cooper: American Hero. New York: William Morrow, 1998. ISBN 978-0-688-15494-3.
  • Swindell, Larry. The Last Hero: A Biography of Gary Cooper. New York: Doubleday, 1980. ISBN 0-385-14316-8.

Um Spaweck änneren

Commons: Gary Cooper – Biller, Videoen oder Audiodateien