Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

D'Alzheimer-Krankheet (Morbus Alzheimer) ass eng Demenz-Krankheet (lat. demens, "duercherneen") vum Gehier, déi sech virun entwéckelt an déi haaptsächlech am Alter optrëtt. Si mécht sech bemierkbar duerch d'Ofhuele vum Gediechtnes a vun der Gehieraktivitéit. D'Krankheet fänkt u mat enger Vergiesslechkeet déi ëmmer méi grouss gëtt, déi am Ufank zoufälleg schéngt, mä déi weider zouhëlt an zum Verloscht vum Verstand féiert. Virum Alter vu 65 geet vun enger preseniler Demenz (PDAT) rieds, nom 65. Liewensjoer vu seniler Demenz vum Alzheimer Typ (SDAT).

1906 huet den Dokter Alois Alzheimer bei der Patientin Auguste Deter fir d'éischt déi Krankheet diagnostizéiert an nogewisen datt se physiologesch an net psychologesch bedéngt ass. Ongeféier zur selwechter Zäit huet den Dokter Oskar Fischer, deen an der psychiatrescher Klinick zu Prag praktizéiert huet, déi Krankheet beschriwwen. Den Numm Alzheimer-Krankheet huet hir den Emil Kraepelin a sengem Lehrbuch der Psychiatrie (1911) ginn.

Et kënnt zur Degeneratioun vu bestëmmten Neuronen an doduerch zu enger Stéierung vun den normalen zerebrale Funktiounen, wat bei Patienten zu Stéierunge vun der Sprooch, vum Denkprozess a vum Gediechtnes féiert. D'Gehiermass hëlt am Verlaf vun der Krankheet of, dat heescht et kënnt zu enger Atrophie vum Gehier.

Symptomer änneren

De Verlaf vun der Alzheimerkrankheet ass schlaïchend. Si fänkt normalerweis mat liichte Gediechtnesstéierungen un (z. B. de Patient vergësst Rendez-vousen oder seng Kommissiounen ze maachen).

Duerno kommen Orientéierungsstéierungen (de Patient weess z. B. net méi wéi hien op déi Plaz komm ass, wou hie grad steet); ausserdeem ginn ëmmer méi Alldaagsfähegkeete vergiess (klassesch Symptomer sinn z. B. datt de Betraffenen net méi weess wéi een d'Tëlee umécht oder wéi ee mam Telefon ëmgeet, et kann awer och sinn datt hie seng Wäsch an de Bakuewen leet, etc...)

Am leschte Stadium ass de Betraffenen total duercherneen, hie versteet zwar datt een eppes zu him seet, ma déi Informatiounen déi hie kritt, kënne vu sengem Gehier net méi verschafft ginn, ausserdeem erkennt de Patient d'Leit a senger Famill net méi erëm, oder hie gëtt hinnen Nimm vu Leit déi schonn laang dout sinn, z. B. de Patient rifft ee mam Numm vun sengem Papp - deen awer schonn virun 30 Joer gestuerwen ass, ma och d'Dag-Nuechtgefill ass net méi present. Degradatioun gëtt duerno ganz rapid; Harninkontinenz, de Patient kann net méi eleng iessen an drénken,...

Therapie änneren

Bis haut gëtt et keng therapeutesch Method fir dës Krankheet ze heelen. Et ass awer méiglech de Verlaf vun der Krankheet méi lues ze maachen oder e fir eng Zäit stagnéieren ze loossen.

Medikamenter déi fir d'Behandlung gutt sinn, sinn z. B.:

Aricept® 5 mg/10 mg (Pfizer)

Ebixa® 10 mg pro compresso obducto uno oder 10 mg/g (1g sinn 20 Drëpsen) an der sol. buvable (Lundbeck)

Wann de Patient sedéiert soll ginn, kënne follgend Medikamenter hëllefen:

Dës Pharmazeutika gehéieren zu der Grupp vun de Benzodiazepinen:

LEXOTAN® (Principe actif BROMAZEPAM) (PFIZER)

TEMESTA® (Principe actif LORAZEPAM) (WYETH)

VALIUM®(Principe actif DIAZEPAM) (Lab. Hoffmann-LaRoche)5 mg; 10 mg

XANAX® (Principe actif ALPRAZOLAM)(PFIZER) 0,25 mg; 0,50 mg; 1 mg; 2 mg;

XANAX® RETARD (IDEM) 0,50 mg; 1 mg; 2 mg

Et kënnen awer och aner Medikamenter agesat ginn:

THERALENE

HALDOL

ATARAX ...

Literatur änneren

  • Anne Eckert: Alois Alzheimer und die Alzheimer Krankheit. An: Pharmazie in unserer Zeit 31(4), S. 356 - 360 (2002), ISSN 0048-3664
  • Jochen Gust: Atlas der Demenz. Demenzerkrankungen von Aachen bis Zwickau. BoD Norderstedt, ISBN 3-8334-2533-4
  • Konrad und Ulrike Mauer: Alzheimer. Das Leben eines Arztes und die Karriere einer Krankheit. Piper Verlag, München, ISBN 3-492-23220-5
  • Martin Suter: Small World. Diogenes Verlag, Zürich 1997, ISBN 3-257-23088-5. Roman, deen de Verlaf vun der Krankheet dokumentéiert

Um Spaweck änneren

Commons: Alzheimer – Biller, Videoen oder Audiodateien