Laurence Olivier

brittesche Schauspiller (1907–1989)

De Laurence Kerr Olivier, Baron Olivier, OM, gebuer den 22. Mee 1907 zu Dorking, am Surrey, a gestuerwen den 11. Juli 1989 zu Steyning, a West Sussex, war en englesche Schauspiller, deen zesumme mam Ralph Richardson an dem John Gielgud, de britteschen Theater an der Mëtt vum 20. Joerhonnert dominéiert huet. Hien huet seng ganz Karriär erduerch och fir de Film geschafft, am Ganzen huet en an iwwer 50 Filmer matgespillt, respektiv d'Regie gefouert. Méi spéit hat hien och grousse Succès mat Rollen an Televisiounsproduktiounen.

Laurence Olivier
Portrait aus den 1940er Joren
Gebuertsnumm Laurence Kerr Olivier
Gebuer 22. Mee 1907
Dorking
Gestuerwen 11. Juli 1989
West Sussex
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Central School of Speech and Drama
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterregisseur, Filmregisseur, Politiker, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Dramaturg
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Jill Esmond, Vivien Leigh, Joan Plowright
Kanner Tamsin Olivier, Richard Olivier
De Laurence Olivier (1973).

Liewen a Karriär änneren

1930 hat hie seng éischt gréisser Roll am Noël Coward sengem Private Lives, an huet dat Joer och a sengem éischte Film matgespillt. 1935 koum hie mat senger Roll a Romeo and Juliet , nieft dem Gielgud an der Peggy Ashcroft, grouss eraus, a war um Enn vun den 1930er Joren e gefeierte Star. An den 1940er Jore war hien zesumme mam Ralph Richardson a mam John Burrell, Kodirekter vun the Old Vic, déi se zu enger respektéierter Theatertrupp opgebaut hunn. Ervirgestach ass hien do a senge Rolle vum Shakespeare sengem Richard III an dem Sophokles sengem Oedipus. An den 1950er Jore war den Olivier onofhängege Schauspiller an Intendant, mä seng Bünecarrière huet e bëssen d'Läpper hänke gelooss, bis en 1957 bei d'avantgardistesch English Stage Company spille goung, wou en d'Titelroll an The Entertainer interpretéiert huet (a spéider och am Film mam nämmlechten Numm. Vun 1963 bis 1973 war hie de Grënnungsdirekter vum Royal National Theatre. Hie selwer huet do ënner anerem d'Titelroll an Othello (1964) an de Shylock an The Merchant of Venice (1970) gespillt.

Zu de bekanntste Filmer, an deenen de Laurence Olivier matgespillt huet, zielen Wuthering Heights (1939), Rebecca (1940), an d'Trilogie vu Shakespeare-Verfilmungen, wou en d'Haaptroll hat an och Regie gefouert huet: Henry V (1944), Hamlet (1948), an Richard III (1955). An den 1970er Joren hat hie markant Rollen a Sleuth (1972), Marathon Man (1976) a The Boys from Brazil (1978).

Hie gouf (1947) geadelt, a krut 1970 e life peerage an 1981 den Order of Merit. Hie gouf ausserdeem mat véier Academy Awards, zwéi British Academy Film Awards, fënnef Emmy Awards an dräi Golden Globe Awards ausgezeechent. De groussen Auditoire vum National Theatre dréit haut säin Numm, an d'Laurence Olivier Awards goufen no him genannt.

De Laurence Olivier war dräimol bestuet, 1930 bis 1940 mat der Schauspillerin Jill Esmond 1940 bis 1960 mat der Vivien Leigh a vun 1961 bis zu sengem Doud mat der Joan Plowright.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Regisseur änneren

als Schauspiller änneren

Literatur änneren

  • Laurence Olivier: Confessions of an Actor. Simon & Schuster 1985, 348 p. / dte. Bekenntnisse eines Schauspielers aus d. Engl. von Gerhard Beckmann u. Irene Rumler (Anh.), 351 S., Bertelsmann München 1985.
  • Robert L. Daniels: Laurence Olivier: Cinema and Theatre. A.S. Barnes/Tantivy Press, 1980, 319 p.
  • Donald Spoto: Laurence Olivier. A Biography / dt.: Eine Biographie. Heyne, München 1992, ISBN 3-453-05596-9.
  • Jerry Vermilye: The Complete Films of Laurence Olivier. Carol, 1992, 287 p.

Um Spaweck änneren