Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz
D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Lëtzebuerg op Ëlwen, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'Infrabel-Linn 42 Gouvy - Rivage.
En InterRegio m tëscht Ëlwen a Klierf | |
Kaart vun der Linn 1 | |
Linnennummer | 1 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Lëtzebuerg |
op | Ëlwen Grenz |
iwwer | Gare Kierchbierg-Pafendall, Gare Dummeldeng, Gare Walfer, Gare Heeschdref, Gare Luerenzweiler, Gare Lëntgen, Gare Miersch, Gare Kruuchten, Gare Colmer-Bierg, Gare Schieren, Gare Ettelbréck, Gare Méchela, Gare Giewelsmillen, Gare Kautebaach, Gare Wëlwerwolz, Gare Draufelt, Gare Klierf, Gare Maulesmillen, Gare Ëlwen |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 76,8 km |
Gréisst Steigung | 17 ‰ |
Klengste Radius | 220 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streckentyp | duebelgleiseg |
Fuerrichtung | riets |
Vitesslimitatioun | 90 km/h, 120 km/h |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären |
PK | |
Uschloss: Péiteng Uschloss: Beetebuerg |
||
Gare Lëtzebuerg | 16,650 | |
Tunnel Gare Lëtzebuerg (413 m) | 16,954 - 17,367 | |
Biisserbréck | ||
Clausener Viaduc | ||
Pafendaller Viaduc | ||
Viaduc Dräi Eechelen | ||
Gare Kierchbierg-Pafendall | ||
Gare Dummeldeng | 20,830 | |
Uschloss Arbed Dummeldeng/Eech | ||
Gare Walfer | 24,004 | |
Gare Heeschdref | 25,530 | |
Gare Luerenzweiler | 28,161 | |
29,111 | ||
A 7 Tunnel Nordstrooss (172 m) | ||
29,283 | ||
Gare Lëntgen | 31,123 | |
Gare Miersch | 34,735 | |
Uelzecht | ||
Gare Kruuchten | 40,845 | |
Kruuchtener Tunnel (251 m) | 40,645 - 40,896 | |
Uelzecht | ||
Gare Colmer-Bierg | 43,232 | |
Gare Schieren | 44,950 | |
Uelzecht | 46,930 | |
Uschloss Atertlinn | ||
Gare Ettelbréck | 47,184 | |
Ofzweigung Antenn Dikrech | ||
Bierdener Tunnel (594 m) | 51,395 - 51,989 | |
Tunnel vu Méchela (287 m) | 52,152 - 52,439 | |
Gare Méchela | 53,255 | |
Buerschter Tunnel (423 m) | 54,350 - 54,773 | |
Tunnel Féischterhaff (447 m) | 56,549 - 56,996 | |
Gare Giewelsmillen | 57,746 | |
Tunnel Schankewier (64 m) | 59,872 - 59,936 | |
Tunnel Schwaarzepull (81 m) | 60,125 - 60,206 | |
Tunnel Hockslee (143 m) | 61,523 - 61,666 | |
Gare Kautebaach | 62,021 | |
Ofzweigung Wolz | ||
Kierchbierger Tunnel (77 m) | 62,260 - 62,337 | |
Kautebaacher Tunnel (185 m) | 62,810 - 62,995 | |
Bierdener Tunnel (67 m) | 63,141 - 63,208 | |
Schibbreger Tunnel (236 m) | 64,190 - 64,426 | |
Lellgener Tunnel (179 m) | 65,745 - 65,924 | |
Gare Wëlwerwolz | 67,277 | |
Gare Draufelt | 70,960 | |
Mecher Tunnel (180 m) | 74,050 - 74,230 | |
Mecherbuscher Tunnel (84 m) | 74,908 - 74,992 | |
Schneidermuhler Tunnel (101 m) | 75,862 - 75,963 | |
Klierfer Tunnel (250 m) | 76,503 - 76,753 | |
Gare Klierf | 77,174 | |
Gare Maulesmillen (Zougemaach Dez. 2014) |
80,983 | |
Pafemillener Tunnel (190 m) | 83,128 - 83,318 | |
Gare Ëlwen | 85,562 | |
Ëlwener Tunnel (166 m) | 85,926 - 86,092 | |
belsch Grenz | 93,431 | |
Uschloss Gouvy |
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz gëtt als Linn 1 bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Linn 10 bekannt[1].
Geschichtleches
ännerenDuerch e Kontrakt vum 9. November 1855 huet de Lëtzebuerger Staat dem Banquier Adolphe Favier vun Nanzeg, an dem Stephane Jouve, engem Ingenieur och vun Nanzeg, d'Konzessioun fir de Bau vun enger Eisebunnslinn tëscht der Stad a Wäiswampech, via Dikrech an Ëlwen, ausgestallt. Fir ze héich Käschten z'evitéieren hat den éischte Plang vum Favier virgesinn d'Streck an der Ëmgéigend vu Stroossen vun der Linn Lëtzebuerg-Klengbetten ofzweigen ze loossen a se dann iwwer Koplescht a Schëndels op Miersch ze féieren. Virun allem déi déif Däller am Norden an Oste vun der Stad hunn dem Adolphe Favier a senger Wëllem-Lëtzebuerg Gesellschaft Suerge gemaach.
Dee Plang ass bei der deemoleger Regierung net gutt ukomm, well een d'Dummeldenger Schmelz onbedéngt iwwer d'Schinn ubanne wollt.
Well deemools d'Festung Lëtzebuerg nach vun de Preise besat war, hu sech d'Regierung an den Adolphe Favier am November 1856 an enger Konventioun drop g'eenegt, den Tracé iwwer véier grouss Viaduce laanscht d'Festung ze féieren. Op déi Aart a Weis waren d'Schinnen tëscht der zukünfteger Stater Gare an der deemoleger Gemeng Eech, am Radius vun de preisesche Kanounen an et huet nëmme missen am Pafendall een Duerchbroch gemaach ginn.
Well den Dall vun der Uelzecht tëscht Dummeldeng a Miersch breet genuch ass, konnt d'Streck ouni gréisser Aarbechten op der rietser Säit vum Dall lafen. Hanner Miersch gëtt den Dall méi enk, an et hu missen eng Rei Brécke gebaut ginn, fir iwwer d'Uelzecht ze kommen. Bei Kruuchten leeft d'Uelzecht duerch eng grouss Kéier, déi duerch en Tunnel evitéiert gouf.
Fir op d'Héichte vum Éislek ze komme war eng Pente vun 0,3 % virgesinn, an de Bau vun der Streck sollt sechs Joer daueren.
D'Streck bis Ettelbréck gouf den 21. Juli 1862 offiziell mat engem Spezialzuch ageweit. A Wierklechkeet waren d'Aarbechten nach net ofgeschloss an et konnt een eréischt bis Schieren fueren. Ganz fäerdeg war d'Streck de 16. November 1862, zäitgläich mat der Streck op Dikrech a gouf a Presenz vum Henri vun Oranien-Nassau ageweit. Et goufen 3 Koppelen Zich den Dag, déi 1 Stonn an 20 Minutte gebraucht hu fir d'Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck an 8 Minutte fir weider op Dikrech.
Mat der Streck a Richtung Léck gouf am September 1862 ugefaangen. Bis de 15. Dezember 1866 gouf d'Streck bis op Ëlwen gebaut[2].
Uschlëss op der Streck:
Biller
änneren-
De Viaduc Dräi Eechelen iwwer d'Rue des Trois Glands am Pafendall
-
D'Gare vu Méchela.jpg
-
D'Gare vun Ëlwen op engem Bild vum Jean-Marie Biwer
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2024, Version 2.0.