Novecento
Novecento ass en italieenesche Filmdrama vum Bernardo Bertolucci aus dem Joer 1976. Et ass e Monumentalfilm vun iwwer 5 Stonnen, deen exemplaresch unhand vun enger ambivalenter Frëndschaft tëscht dem Jong vun engem Bauerekniecht an deem vun engem Padrone (Besëtzer vu grousse Lännereien) d'Geschicht vun Italien an der éischter Hallschecht vum 20. Joerhonnert erzielt, an absënns am Kontext vum Opkommen an an der Zäit vum Faschismus.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Italien Frankräich Däitschland |
Produktiounsjoer | 1976 |
Première | 1976 |
Dauer | 317 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Originalsprooch |
Italieenesch (Englesch) |
Ekipp | |
Regie | Bernardo Bertolucci |
Dréibuch |
Franco Arcalli Bernardo Bertolucci Giuseppe Bertolucci |
Fotografie | Vittorio Storaro |
Musek |
Ennio Morricone Giuseppe Verdi |
Schnëtt | Franco Arcalli |
Produzent |
Albert R. Broccoli Harry Saltzman |
Produktiouns- gesellschaft | Paramount Pictures |
Schauspiller | |
Robert De Niro als Alfredo Berlinghieri Gérard Depardieu als Olmo Dalcò Dominique Sanda als Ada Fiastri Paulhan Stefania Sandrelli als Anita Foschi Laura Betti als Regina Donald Sutherland als Attila Burt Lancaster als de Grousspapp Berlinghieri Sterling Hayden als Leo Dalcò Werner Bruhns als Ottavio Berlinghieri Romolo Valli als Giovanni Berlinghieri Anna Maria Gherardi als Eleonora Berlinghieri Roberto Maccanti als Olmo (Kand) Paolo Pavesi als Alfredo (Kand) Alida Valli als Ida Pioppi Anna Henkel als Anita Stefania Casini als Neve Francesca Bertini als Schwëster Desolata Ellen Schwiers: als Amelia | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenZwéi Bouwe kommen de selwechten Dag - den Doudesdag vum Giuseppe Verdi, de 27. Januar 1901 - an der Emilia-Romagna an Norditalien op d'Welt: Den Alfredo Berlinghieri, de Jong vum räiche Besëtzer vu Lännereien, an den Olmo Dalcò, deem säi Papp Kniecht beim Berlingheri ass. Hir Entwécklung, déi vun Ufank u virgi war - den Alfredo soll enges Daags den Haff iwwerhuelen, den Olmo do schaffen - gouf nom Éischte Weltkrich, vun den éischte Streike vun de Landaarbechter, an der Weltwirtschaftskris a Fro gestallt. Den Olmo engagéiert sech politesch als Sozialist, iwwerdeems den Alfredo e Bohémien gëtt, deen zwar dem Mussolini säi Faschismus, personifizéiert duerch de Gerant vum Haff, den Attila, a seng Freiesch Regina, veruecht, mee déi zwee awer gewäerde léisst...
Soss
ännerenDe Film kann als Allegorie op d'gesellschaftlech a politesch Antagonisme gesi ginn, déi déi éischt Joerzéngte vum 20. Joerhonnert an Italie markéiert hunn. Souguer d'Joreszäite gi symbolesch agesat fir d'politesch Stëmmung z'ënnersträichen.
Novecento ass eng italieenesch Apheres a kann "1900" oder "20. Joerhonnert" bedeiten. Den international gebrauchten Titel 1900 vum Film féiert e bëssen an d'Ier, well de Film jo eréischt 1901 ufänkt, a bis Enn vun den 1940er Joren (mat engem Ausbléck an d'Géigewaart) geet, an deemno näischt mam Joer 1900 ze dinn huet.
Wéinst senger Längt gëtt e gewéinlech am Kino an zwéin Deeler gewisen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Novecento – Biller, Videoen oder Audiodateien |