Vanessa Redgrave

brittesch Schauspillerin

D'Vanessa Redgrave, gebuer den 30. Januar 1937 zu London, ass eng englesch Schauspillerin.

Vanessa Redgrave
Gebuer 30. Januar 1937
Blackheath
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Central School of Speech and Drama
Aktivitéit Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur
Partei Labour Partei
Famill
Bestuet mat Tony Richardson, Franco Nero
Liewenspartner(in) Timothy Dalton
Papp Michael Redgrave
Mamm Rachel Kempson
Geschwëster Corin Redgrave, Lynn Redgrave
Kanner Natasha Richardson, Joely Richardson, Carlo Gabriel Nero
D'Vanessa Redgrave, 2016.
2011 op der Berlinale.

D'Vanessa Redgrave krut no der Central School of Speech and Drama hir éischt Roll am Theater am Joer1958. Si gouf 1961 Member vum renomméierten Theaterensembel Royal Shakespeare Company.

Hir éischt Haaptroll am Kino huet si 1966 am Film Morgan: A Suitable Case for Treatment vum Karel Reisz gespillt. Duerno war si a villen interessante a bedeitende Filmer ze gesinn. Zu hire wichtege Filmer am Kino zielen ënner aneren The Devils (1971) vum Ken Russell, Blow Up (1966) vum Michelangelo Antonioni, The Charge of the Light Brigade (1968) vum Tony Richardson an Howards End (1992) vum James Ivory.

D'Vanessa Redgrave war vun 1962 bis 1967 mam Filmregisseur Tony Richardson bestuet. Si krut an deem Bestietnes zwee Meedercher d'Natasha Richardson an Joely Richardson déi och de Schauspillerberuff ergraff hunn.

1969 krut si e Bouf de Carlo Gabriel Nero aus hirer Liaisoun mam Schauspiller Franco Nero. Si huet sech am Joer 2006 mam Franco Nero bestuet.

Der Vanessa Redgrave hir Eltere Michael Redgrave a Rachel Kempson waren och Schauspiller, grad wéi hir Schwësteren Lynn Redgrave a Corin Redgrave et sinn.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1958 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis 2019 änneren

Auszeechnungen (Auswiel) änneren

  • 1978: Oscar fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll‎ fir de Film Julia
  • 1978: Golden Globe fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll‎ fir de Film Julia
  • 1966: Bescht Schauspillerin beim Festival vu Cannes‎ fir de Film Morgan: A Suitable Case for Treatment
  • 1969: Bescht Schauspillerin beim Festival vu Cannes‎ fir de Film Isadora

Um Spaweck änneren

Commons: Vanessa Redgrave – Biller, Videoen oder Audiodateien