Documentaire
En Documentaire oder Dokumentarfilm ass ee Film, deen op Fakte baséiert, also am Géigesaz zum Spillfilm net fiktional ass. Den Documentaire liwwert e Bild vun engem Aspekt aus der Realitéit. Dat bedeit net, datt en d'Realitéit "telle quelle" erëmgëtt; e liwwert eng subjektiv Interpretatioun vun där Realitéit.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4a/Pormoenn%C3%A5de_troufreye_Djowele_film%C3%AAye3.jpg/220px-Pormoenn%C3%A5de_troufreye_Djowele_film%C3%AAye3.jpg)
All méiglecht Theema kann de Sujet vun engem Documentaire sinn, zum Beispill Politik (wéi Colectiv), Gesellschaft (Doheem), Sport (Nak Muay), Musek (Buffalo C. Wayne - Roude Léiw mam Cowboy's Hutt), a Geschicht (Ashcan), oder eppes, dat am Liewe vum Filmmécher virgefall ass. Et gëtt och vill Documentairen iwwer regulär Persounen (Mir wëllen net bleiwen) a Perséinlechkeeten (Monsieur Warum iwwer de Camillo Felgen), an iwwer Déiere produzéiert.
Obwuel en Documentaire net fiktional ass, ass et méiglech, datt e Rekonstruktioune weist. Dofir gi bestëmmt Zeene vu Schauspiller nogespillt, well et kee Filmmaterial vun den originalen Zeene gëtt.[1]
An engem Documentaire kënnen Interviewe gewise ginn. En ass generell wéi e literarescht Wierk opgedeelt, mat enger Aféierung, engem Haaptdeel an enger Konklusioun. Fir den Documentaire muss generell vill Recherche am Virfeld gemaach ginn.[1]
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 cndp.fr: Petite note sur le film documentaire vum Albain Michel Ikomb (2012)