Richard Brooks

US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent

De Richard Brooks, gebuer als Ruben Sax den 18. Mee 1912 zu Philadelphia a gestuerwen den 11. Mäerz 1992 zu Beverly Hills, war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

Richard Brooks
Gebuertsnumm Reuben Sax
Gebuer 18. Mee 1912
Philadelphia
Gestuerwen 11. Mäerz 1992
Studio City
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmregisseur, Romancier, Regisseur
Famill
Bestuet mat Jean Simmons

De Brooks ass zu Philadelphia gebuer, wou hien op der West Philadelphia High School an duerno op der Temple University studéiert huet. No sengem Studium huet hien am Radio an als Theaterregisseur geschafft. An den 1940er Joren huet hien d'Dréibicher fir Filmer wéi Key Largo (1947) a Brute Force (1947) geschriwwen.

Als Regisseur huet hien am Joer 1950 mat Crisis a mam Cary Grant an der Haaptroll säin éischte Film gedréint. Bekannt Filmer vum Brooks als Regisseur sinn Cat on a Hot Tin Roof (1958) nom Tennessee Williams sengem Theaterstéck, Elmer Gantry (1960) , de Western The Professionals (1966), Lord Jim (1965) nom Roman vum Joseph Conrad an In Cold Blood (1967) no engem Buch vum Truman Capote.

Filmographie änneren

als Regisseur änneren

Auszeechnungen änneren

1961: Oscar fir dat bescht adaptéiert Dréibuch fir de Film Elmer Gantry

Um Spaweck änneren