26. Abrëll
Datum
<< | Abrëll | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | |||||
2024 |
De 26. Abrëll ass den 116. Dag (117. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1905: Zu Paräis gëtt d'sozialistesch International gegrënnt.
- 1925: De Paul von Hindenburg gëtt däitsche Reichspräsident.
- 1937: Guernica gëtt am Spuenesche Biergerkrich vun däitschen an italieenesche Fligeren aus bombardéiert.
- 1964: D'Republik Tanganjika vereenegt sech mam Inselstaat Sansibar zur Vereenegter Republik Tansania.
- 1986: Zu Tschernobyl, an der Ukrain, geschitt en Accident am Atomkraaftwierk; eng radioaktiv Wollek gëtt fräigesat.
- 1994: Éischt fräi Walen a Südafrika.
- 2000: Den Giuliano Amato gëtt neie Regierungschef vun Italien.
- 2001: De Junichiro Koizumi gëtt neie Ministerpresident vu Japan.
- 2002: An engem Erfurter Lycée erschéisst en Exschüler 16 Leit an da sech selwer.
- 2007: De Fligerteleskop Stratosphärenobservatoire fir Infraroutastronomie huet säin éischte Fluch an ersetzt de Kuiper Airborne Observatoire, dee bis 1995 am Déngscht war.
Lëtzebuerg
änneren- 1904: De Chareli fiert eng éischt Kéier vun der Stater Gare iwwer d'Adolphe-Bréck op Iechternach.
- 1936: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Arel 1:3 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[1]
- 1959: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:0 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de François Konter an Albert Schaack geschoss.[2]
- 1964: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Reggio Emilia 0:5 géint Italien.[3]
- 1972: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Plzeň 0:6 géint Tschechoslowakei.[4]
- 1995: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Oslo, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:5 géint Norwegen.[5]
- 2000: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Estland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Vanek geschoss.[6]
Gebuer
änneren-
Marie de Medici
-
David Hume
-
Eugène Delacroix
-
Ieoh Ming Pei
- 121: Marcus Aurelius, réimesche Keeser.
- 1573: Marie vu Medici, Kinnigin vu Frankräich.
- 1711: David Hume, schottesche Philosoph an Historiker.
- 1798: Eugène Delacroix, franséische Moler.
- 1839: Gustav Niessl von Mayendorff, éisträicheschen Astronom, Botaniker a Mykolog.
- 1839: Henri Massard, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 1878: Jean-Pierre Pierrard, lëtzebuergesche Politiker.
- 1880: Edouard Oster, lëtzebuergesche e Professer, Lycéesdirekter an Historiker.
- 1886: Louis Simmer, héije lëtzebuergesche Staatsbeamten.
- 1889: Joseph Kieffer, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1894: Thomas Schmit, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1896: François Baclesse, Dokter a Kriibsfuerscher.
- 1897: Douglas Sirk, dänesch-däitsche Filmregisseur.
- 1897: Olga Tschechowa, däitsch Schauspillerin.
- 1901: Bib Wagner, lëtzebuergesche Bobfuerer.
- 1901: Michel Wolff, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1901: Harald Braun, däitsche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 1909: Marianne Hoppe, däitsch Filmregisseurin.
- 1911: Andrée Tainsy, belsch Schauspillerin.
- 1916: Werner Bischof, Schwäizer Fotograf.
- 1917: Ieoh Ming Pei, taiwanesesch-US-amerikanesche Architekt
- 1919: Georges de Caunes, franséische Journalist a Schauspiller.
- 1919: Bernhard Wicki , éisträichesch-Schwäizer Schauspiller a Filmregisseur.
- 1922: Pol Bury, belsche Moler a Sculpteur.
- 1924: Jos Bernard, lëtzebuergeschen Turner.
- 1925: Michele Ferrero, italieeneschen Entreprener.
- 1928: Jeanne Olinger-Rouff, lëtzebuergesch Juristin a Fraerechtlerin.
- 1930: Maria Sebaldt, däitsch Schauspillerin.
- 1932: Francis Lai, franséische Komponist.
- 1934: Jean-Pierre Koepp, Lëtzebuerger Politiker.
- 1934: Margret Steckel, däitsch Schrëftstellerin.
- 1936: Arno Penzias, US-amerikanesche Physiker an Astronom.
- 1946: Augustine Kasujja, ugandeschen Äerzbëschof an apostouleschen Nuntius.
- 1948: Josef Bierbichler, däitsche Schauspiller.
- 1950: Victor Rod, lëtzebuergesche Jurist a fréiere Member vum Staatsrot.
- 1954: Dmitri Konstantinowitsch Kisseljow, russesche Journalist.
- 1957: Mark Burgess, englesche Schrëftsteller an Illustrator vu Kannerbicher.
- 1965: Kevin James, US-amerikanesche Komiker a Schauspiller.
- 1967: Valentine Strasser, Staatspresident vum Sierra Leone.
- 1969: Martine Deprez, lëtzebuergesch Politikerin a Member vum Staatsrot.
- 1970: Melania Trump, sloweenesch-US-amerikanesche Model.
- 1975: Joey Jordison, US-amerikanesche Museker.
Gestuerwen
änneren- 1731: Daniel Defoe, englesche Schrëftsteller (Robinson Crusoe).
- 1792: Claude Joseph Rouget de Lisle, franséischen Dichter vun der Marseillaise.
- 1865: John Wilkes Booth, de Mäerder vum President Abraham Lincoln
- 1866: Hermann Mayer Salomon Goldschmidt, franséischen Astronom a Konschtmoler.
- 1909: Alfred Lefort, franséischen Historiker.
- 1940: Auguste Wirion, lëtzebuergesche Moler.
- 1956: Adolphe Kunnen, lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.
- 1961: Gustav Ucicky, éisträichesche Filmregisseur.
- 1968: John Heartfield, däitsche Moler, Graphiker a Fotomontagekënschtler.
- 1984: Count Basie, US-amerikaneschen Jazz-Pianist, -Organist a Bandleader.
- 1984: Helge Løvland, norwegesche Liichtathleet.
- 1984: Jos Cillien, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 1986: Broderick Crawford, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1988: Guillermo Haro, mexikaneschen Astronom.
- 1989: Lucille Ball, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1989: Judith Dornys, kanadesch Schauspillerin.
- 2005: Constant Franssens, belschen Ekonomist a Banker.
- 2005: Maria Schell, Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin.
- 2008: Denitza Krivova, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 2013: Adalbert Boros, ungareschen Ingenieur.
- 2017: Jonathan Demme, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2018: Gianfranco Parolini, italieenesche Filmregisseur.
- 2019: Ellen Schwiers, däitsch Schauspillerin.
- 2021: John Zimmer, lëtzebuergesche Spezialist vu Buergen a Schlässer.
- 2023: Stina Rautelin, schweedesch-finnesch Schauspillerin.
Um Spaweck
ännerenCommons: 26. Abrëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 26. Abrëll 1936 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 26. Abrëll 1959 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg vum 26. Abrëll 1964 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg de 26. Abrëll 1972 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen de 26. Abrëll 1995 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Estland de 26. Abrëll 2000 op der Websäit vun European Football.info