Kiefer Sutherland

kanadesche Schauspiller

De Kiefer William Frederick Dempsey George Rufus Sutherland, gebuer den 21. Dezember 1966 zu London, ass en englesch-kanadesche Schauspiller. Hien ass de Jong vun der Schauspillerkoppel Donald Sutherland a Shirley Douglas.

Kiefer Sutherland
am Joer 2008
Gebuertsnumm Kiefer William Frederick Dempsey George Rufus Sutherland
Gebuer 21. Dezember 1966
Nationalitéit Kanada, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Synchronspriecher, Televisiounsregisseur, Televisiounsproduzent, Lidderschreiwer, Theaterschauspiller
Famill
Papp Donald Sutherland
Mamm Shirley Douglas
Geschwëster Angus Sutherland, Rachel Sutherland
Kanner Sarah Sutherland

Liewen änneren

De Kiefer Sutherland ass zu London op d'Welt komm, wéi seng Elteren do geschafft hunn. Opgewuess ass hien awer am Ontario, Kanada.

Seng Filmcarrière huet am Joer 1983 mat Max Dugan Return ugefaangen, wou hien zesumme mat sengem Papp gespillt huet. Säin Duerchbroch koum ee Joer méi spéit mam Film The Bay Boy, woufir hien eng Nominatioun fir de kanadesche Pendant zum Oscar, den Genie Award erreeche konnt.

Zwee Joer méi spéit huet hien d'Drama Stand By Me gedréint an 1987 war hien am Vampir-Thriller The Lost Boys ze gesinn. Den endgëltegen Duerchbroch zu Hollywood ass him 1990 mam Psycho-Thriller Flatliners gelongen.

An der Mëtt vun den 90er Joren hat de Kiefer Sutherland no ettlechen erfollegräiche Filmer en Déifpunkt a senger Karriär. Déi wierklech gutt Rolle sinn ausbliwwen.

Mat der Televisiounsserie an Echtzäit 24 huet hie säi Comeback gestart. 2002 krut hie fir seng Leeschtung e Golden Globe als beschte Schauspiller, e Screen Actors Guild Award an eng Nominéierung fir den Emmy.

Filmographie änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

Nominatiounen a Präisser änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kiefer Sutherland – Biller, Videoen oder Audiodateien