James Cagney

US-amerikanesche Schauspiller

Den James Francis Cagney, Jr. gebuer de 17. Juli 1899 zu New York City, a gestuerwen den 30. Mäerz 1986 zu Stanfordville, war en US-amerikanesche Schauspiller.

James Cagney
Gebuertsnumm James Francis Cagney
Gebuer 17. Juli 1899
Manhattan
Gestuerwen 30. Mäerz 1986
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University,
Stuyvesant High School
Aktivitéit Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Gewerkschaftler, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Dänzer, Sänger
Partei Republikanesch Partei, Demokratesch Partei

Hien huet a Vaudeville-Stécker an um Broadway Theater gespillt ier en 1930 fir de Film Sinner's Holiday vu Warner Bros. op Hollywwod engagéiert gouf.

Hien huet ufanks dacks haart Kärele gespillt wéi z. B. an The Public Enemy (1931), Blonde Crazy (1931) oder Hard to Handle (1933). Mä och méi differenzéiert Rollen, wéi an Angels with Dirty Faces (1938) an a Yankee Doodle Dandy (1942, woufir en den Oscar als beschte Schauspiller krut), White Heat (1949) a Mister Roberts (1955). Hie war ee vun de Grënner vun der Screen Actors Guild an tëscht 1942 an 1944 hire President.

Dem Cagney seng lescht Roll an engem Film, no iwwer 70 Filmer, war 1981 a Ragtime. Déi zweetlescht war am Billy Wilder sengem One, Two, Three 20 Joer éischter. Do dertëscht huet hien zeréckgezu gelieft, Molerei studéiert an op sengem Bauerenhaff geschafft.

Hie war vun 1922 bis zu sengem Doud mat der Dänzerin Frances Wilhard "Billie" Vernon (1899-1994) bestuet, si haten zwee Kanner adoptéiert.

Filmographie änneren

 
Den James Cagney am Trailer vu van Love Me or Leave Me (1955)

Um Spaweck änneren

Commons: James Cagney – Biller, Videoen oder Audiodateien