Haaptsäit/WDS-Spënnchen


Dat hei ass d'Reserv vun neien Teaseren fir an d'Wousst Dir schonn...-Rubrik, déi duerch Schablounen, eng fir all Dag, mat Sätz aus der Lëscht vun 2 x 365 Teaseren dohigesat ginn.

Wann der hei nach eng Kéier 365 neier zesummekomm sinn, kënnen déi dann déi aktuell ersetzen oder mat hinnen an e Roulement kommen.

Wann Dir deemno Iddie fir weider Verweiser op Artikelen hutt (oder kuriéis Detailer dodran), da sëtzt se w.e. gl. hei ënnendrënner derbäi. Logescherweis musse se sech op Saachen/Aussoe bezéien, déi an engem verlinkten Artikle stinn/erkläert ginn.


Wousst Dir schonn datt… änneren

 
  • ... op der Fassad vum Haus 68 Stroossbuerger-Strooss an der Stad Opschrëften ubruecht goufen, déi un d'Entkoppelung vun der Paritéit vum belschen a lëtzebuergesche Frang erënneren?
  • ... Krung Thep Mahanakhon Amon Rattanakosin Mahinthara Ayuthaya Mahadilok Phop Noppharat Ratchathani Burirom Udomratchaniwet Mahasathan Amon Piman Awatan Sathit Sakkathattiya Witsanukam Prasit den offiziellen thailänneschen Numm fir Bangkok ass?
  • ... d'Schëld E, 20, obwuel et vum Code de la route virgeschriwwen ass, op kenger Tramshalt zu Lëtzebuerg opgestallt ass?
  • ... de Christoph Salzmann 1772 mat der Lutzemburgische Handbibel Neuen Testaments déi bis ewell eenzeg Bibel erausbruecht huet, déi zu Lëtzebuerg publizéiert gouf?
  • ... d'Immigratioun vun den Italiener an d'Belsch nom Accident vun der Kuelegrouf Bois du Cazier 1956 bal ganz zesummegebrach ass?
  • ... bei engem Vulkanausbroch 1973 op der islännescher Insel Heimaey (där gréisster vun den Vestmannaeyjar-Inselen) mat Hëllef vun Dosende vu Pompelen d'Lava mat Mierwaasser ofgekillt konnt ginn, an sou verhënnert gouf, dass de Fëschereihafen zougeschott gi wier, an domat d'wirtschaftlech Grondlag vun der Insel gerett konnt ginn?
  • ... de Stengeforter Stauweier 1930 eidellafe gelooss gouf, fir d'Läich vun engem erdronkene Fierschter erauszehuelen, an zanterdeem net méi opgefëllt gouf?
  • ... d'Lëtzebuerger beim Referendum vum 28. September 1919 mat 73% fir eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich gestëmmt hunn; et schlussendlech awer 1921 mat der Belsch war, mat där esou eng ofgeschloss gouf?
  • ... Ewige Madonna deen éischte professionell gedréinte Faarffilm ass, deen zu Lëtzebuerg gedréint gouf?
  • ... 1907 bei archeologeschen Ausgruewungen um kelteschen Oppidum um Tëtelbierg Reschter vun engem Hypokaust fräigeluecht goufen; dës dunn awer vun engem entloossenen Aarbechter zerstéiert goufen?
  • ... de Rasmussen, de Rasmussen an de Rasmussen noenee Premierminister an Dänemark waren?
  • ... déi drëttgréisst Stad am Kosovo nom Patron vun engem Hotel genannt gouf?
  • ... vum héchste Billjee a Lëtzebuerger Frang, dem Fënnefdausender, 20 Joer nom Aféiere vum Euro a Form vu Billjeeën nach ëmmer eppes iwwer 10.000 Schäiner am Wäert vun 1,3 Milliounen Euro am Ëmlaf sinn?
  • ... d'Hollännesch Karibik an d'Karibescht Holland allebéid an der Karibik leien, ma net dat selwecht sinn?
  • ... d'Keelbaach bei Nonkeel quasi eng zweet Kéier entspréngt, nodeems se am Uewerlaf am karstege Kaleksteen an an de Galerien aus der Géigend versickert ass, an dann do hiert Bett nees duerch eng Pompelstatioun mat Waasser aus der Grouf Ëtteng II gefiddert gëtt?
  • ... de Bongert Altenhoven Um Bierg dee gréisste Bongert zu Lëtzebuerg ass?
  • ... de Lëtzebuerger Jean Kuffer eng Goldmedail am Bobfuere gewonnen huet, d'Medail awer zur Belsch gezielt gëtt?
  • ... den Iechternacher Verschéinerungsveräin den éischten Syndicat d'initiative zu Lëtzebuerg war?
  • den Napoleon III. deen eenzegen Herrscher vu Frankräich ass, deen net a Frankräich begruewe läit?

Déi rout Linke musse fir d'éischt gebléitst ginn... änneren