D'Elizabeth Ruth Belville, gebuer de 5. Mäerz 1854 zu London an och do gestuerwen de 7. Dezember 1943[1], war eng brittesch Entrepreneuse, där hir Déngschtleeschtung iwwer méi wéi véier Joerzéngten dora bestanen huet, déi genee Auerzäit ze verkafen.

Ruth Belville
Gebuertsnumm Elizabeth Ruth Naomi Belville
Gebuer 5. Mäerz 1854
Greenwich
Gestuerwen 7. Dezember 1943
London
Doudesursaach Kuelestoffmonoxidvergëftung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Geschäftspersoun, Händler

Si hat dofir e Chronometer, dee mat der offizieller Zäit (Greenwich Mean Time) vum Royal Observatory zu Greenwich ofgeglach war, an huet deen da mat bei Abonnente geholl, déi dann hir Auer konnten no der Joffer Belville hirem Chronometer astellen. Hire Papp hat dee Service schonn 1836 agefouert. Nodeems hir Mamm dat nom Doud vum Papp eng Zäitche weidergefouert hat, huet d'Ruth Belville selwer et vun 1892 bis bis 1939 (wéi se 85 Joer al war) bedriwwen. Si war dofir zu London als d'„Greenwich Time Lady“ bekannt.

Zum Schluss hat se nach eng 40-50 Clienten.

Literatur änneren

  • David Rooney: Ruth Belville: The Greenwich Time Lady. National Maritime Museum, London 2008, ISBN 978-0-948065-97-2.
  • Stephen Battersby: The lady who sold time. In: New Scientist, No. 2540, 26. Februar 2006, S. 52–53.

Referenzen änneren

  1. David Rooney: Ruth Belville: The Greenwich Time Lady, S. 31 an 163.