Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg

De Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg ass um Tëtelbierg an der Gemeng Péiteng ze fannen. Et war en Oppidum vun de Kelten, dee spéider vu Réimer a Kelte gläichzäiteg bewunnt war.

Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg
Typ Oppidum
Land Lëtzebuerg
Gemeng Péiteng
Plaz Tëtelbierg
Koordinaten 49°32'15"N, 5°51'45"O
Statut Klasséiert Monument
Hiwäisschëld um Tëtelbierg

D'archeologesch Sitten um Tëtelbierg sinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Situatioun änneren

 
Lag vum Tëtelbierg

Den Oppidum läit op enger Héicht vun 395 Meter am Dräieck Déifferdeng - Péiteng - Rodange um Tëtelbierg. D'Lag vum Oppidum hat zwéi Virdeeler:

Beschreiwung änneren

Den Héichplateau läit am eisenäerzhaltege Minett, 130 Meter iwwer dem Dall vun der Kuer, op der Waasserscheed vum Rhäin- a Meusebaseng, do wou d'Ausleefer vun den Ardennen d'Weeërnetz entweder a Richtung Osten, duerch de Museldall bis op de Rhäin oder no Westen a Richtung Champagne bis op Nordséiküst féieren.

Wéinst de géien Häng huet d'Siidlung um Plateau vun enger natierlecher Verdeedegungslag profitéiert. Op der ëstlecher Säit, do wou den Zougang am liichtste war, gouf se zousätzlech mat engem massive Wall mat Paarte geschützt. Dëse sougenannte Murus gallicus war ronn 2700 Meter laang an zirka 10 Meter héich. De Verlaf vun där Mauer ass och haut nach, 2000 Joer méi spéit, gutt ze gesinn. De Wall deen haut vu Beem bewuess ass, ass grosso Modo vum Schiethaischen Richtung Fond-de-Gras an duerno iwwer déi grouss Kräizung zeréck bei de Kiem gaangen.

Geschichtleches änneren

Mat bal honnertprozenteger Sécherheet kann een haut behaapten, datt den Tëtelbiergplateau schonn an der Steenzäit bewunnt war. Feiersteng, stengen Aaxten an aner stengent Geschier, dat do fonnt gouf, confirméieren d'Presenz vu fréie Kulturen. Och Zeien aus der Bronzezäit an aus der Eisenzäit si fonnt ginn.

Tëscht 1000 a 500 viru Christus hunn sech dunn d'Kelten, vun den ale Griiche Galater a vun de Réimer Gallier genannt, um Tëtelbierg breet gemaach. Den Cäsar huet a sengem De Bello Gallico iwwer d'Kelten aus der Géigend vum Tëtelbierg dat hei geschriwwen: Omnium gallorum fortissimi sunt belgae - vun alle Gallier sinn d'Belsch déi kéngst.

Eng Rei vu Quelle schwätze vun 10.000 Kelten, déi um knapp 50 Hektar groussen Tëtelbiergplateau gewunnt sollen hunn. D'Siidlung war nom Donnersberg (Mons Jovis) an dem Martberg op der Ënnermusel (Rheinland-Pfalz) den drëttgréissten trevireschen Oppidum. Et sinn e Keramiks- an e Mënzatelier archeologesch nogewisen, mä et ginn awer keng Réckschlëss op Gebaier déi fir landwirtschaftlech Zwecker gebraucht gi wären, sou datt den Tëtelbierg dowéinst als en handwierkleche Produktiouns- an Handelszentrum vun den Treverer unzegesinn ass.

 
Rekonstruktioun vun engem Haus

Mam Enn vum gallesche Krich, dee vun 58 bis 51 viru Christus gedauert huet, hunn déi éischt Réimer sech um Tëtelbierg breet gemaach. D'Rumeur datt de Keeser Titus op den Tëtelbierg komm wier an datt den Tëtelbierg doduerch säin Numm kritt huet, ass wuel éischter eng vun deene ville Seeërcher déi sech am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn.

Spéitstens no enger Revolt am Joer 29 viru Christus ass den Tëtelbierg mat engem klenge Kontingent vu réimeschen Zaldote besat ginn. Dëse Kontingent, nodeem en de Murus gallicus ofgerappt hat, ass kuerz drop erëm ofgezu ginn. Duerch den Ausbau vum réimesche Verkéiersnetz verléiert den Tëtelbierg ëm 75 no Christus op eemol ganz séier u Bedeitung - den Tëtelbierg läit ze vill exzentresch an et gëtt nëmmen eng Strooss déi Arel mat Metz verbonnen huet an och relativ einfach vum Tëtelbierg aus z'erreeche war.

Am 3. Joerhonnert no Christus hat den Tëtelbierg ënner anerem duerch seng "Glasfabrick", mä besonnesch och duerch seng Mënzschléieratelieren erëm u Wichtegkeet gewonnen, bis am Joer 275/76 déi réimesch Vicus-Baute beim Abroch vun de Franken an den Alemannen zerstéiert goufen. Dovun huet den Tëtelbierg sech ni méi sou richteg erholl a war vun elo un ouni Bedeitung. Déi lescht Mënzen déi um Tëtelbierg fonnt goufen, si vum Arcadius (395-408) a vum Honorius (393-423), allen zwéi Bouwe vum Keeser Theodosius I. Et schéngt, wéi wann d'Siidlung um Tëtelbierg definitiv tëscht 407 a 410 opgi gouf. Vun deem Moment un zitt et d'Leit an d'Däller, fir op de Weeden Akerbau a Véizuucht ze maachen.

Ausgruewungen änneren

Hei ass eng Iwwersiicht vun den Ausgruewungen. D'Nummere weisen, a wat fir engem Deel geschafft gouf.

 
Plang vum Tëtelbierg
  • 1907 Ausgruewunge beim Tempel (Feld 4). Wärend dësen Ausgruewungen déi vum Karl Arendt am Optrag vun der Section Historique vum Institut grand-ducal duerchgefouert gi sinn, ass ënner anerem eng Hypokaust-Anlag fonnt ginn. Dës ënnerierdesch bedriwwe Foussbuedemheizung ass awer leider duerch en Aarbechter deen entlooss gouf (!) zerstéiert ginn. Frësch opgebaut kann een d'Iwwerreschter haut am Sall 14 am Nationalmusée gesinn.
  • 1923
  • 1933
  • 1959 Ausgruewunge beim Bauerenhaff (Feld 2)
  • 1968 Ausgruewunge bei der Mënzschléierei (Feld 5)
  • 1968 bis 1985 Ausgruewungen am Wunnvéierel (Feld 1)
  • 1977 Ausgruewungen am Tempelvéierel (Feld 3)
  • 1968 bis 1985 Ausgruewungen am Wunnvéierel (Feld 1)
  • 1980 bis 1982 Ausgruewunge beim Süd-Ost-Agank vum Wall (Feld 8)
  • 1985 Ausgruewunge beim Nord-West-Agank vum Wall (Feld 7)
  • 1986 Ausgruewunge bei der Schmelz (Feld 6)

Biller änneren

Literatur änneren

  • Anen, N., 2019. Die verschollene Stadt. Luxemburger Wort vum 7. August 2019, S. 24-25.
  • Gaspar, Nicolas, 2007. Die keltischen und gallo-römischen Fibeln vom Titelberg. Lëtzebuerg, Musée national d'histoire et d'art.
  • Gaeng, Catherine, 2007. L'oppidum du Titelberg. an Differdange 100 ans d'histoire(s) 1907 - 2007, Säit 458 - 465.
  • Haag, Emil, 2011. La romanisation du pays des Trévires: les sites du Titelberg et de Dalheim, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 56-63.
  • Nicolas Anen, Die verschollene Stadt, Luxemburger Wort, 7.8.2019, S.24-25.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).