Naturschutzgebitt Um Bierg

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

Um Bierg ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Beetebuerg a Réiser. Tëscht Beetebuerg a Peppeng, laanscht d'Diddelenger Autobunn um Lieu-dit Bierg läit de Bongert Altenhoven, wouvun zirka 12 ha zanter dem 3. August 1998 ënner Naturschutz stinn. Um Bierg gëllt als de gréisste Bongert vu Lëtzebuerg.[1]

Naturschutzgebitt
Um Bierg
De Bongert Altenhoven
Land Lëtzebuerg
Plaz Réiser, Beetebuerg
Fläch 12,32 ha
Nationalcode RD 29
Koordinaten 49°31'5"N, 6°7'8"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 3. August 1998

De Bongert Altenhoven, deem säin Ursprong op d'Enn vum 19. Joerhonnert zeréckgeet, huet beim Bau vun der Autobunn méi Hektare missen afferen an ass zanterhier am Besëtz vum Staat. Nodeem sech an de leschte Joerzéngten net ëm d'Fleeg vun de Beem an Neiuplanzunge gekëmmert gouf, ass de Bambestand vereelzt an eng Partie Lächer tëscht de Beem mat der Zäit entstanen. Ufanks der 1990er Joren ass vu verschiddenen Naturschutzorganisatioune vill Aarbecht an de Bongert investéiert ginn, andeems iwwer 500 nei Beem a 70 verschiddenen Zorten ugeplanzt, Beem an Hecke geschnidden a Fleegaarbechten duerchgefouert gi sinn. Mam groussherzoglechem Reglement vum 3. August 1998 sinn eng 12,32 ha als Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

Mat sengen iwwer 1.300 zum Deel iwwer 100 Joer alen Uebstbeem ass de Bongert e wichtege Liewensraum. Sou konnten zum Beispill 69 verschidde Vullenaarten nogewise ginn, wouvun der 19 op der Rouder Lëscht vu bedreeten Aarte stinn. De gréissten Deel vum Uebstbambestänn maachen Äppelbeem aus. Donieft kommen ënner anerem Bieren-, Mirabellen-, Prommen- a Kiischtebeem vir.

Referenzen änneren

  1. Règlement grand-ducal du 3 août 1998 déclarant zone protégée des fonds sis sur le territoire des communes de Bettembourg et de Roeser au lieu-dit Um Bierg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.