Haus 68 Stroossbuerger-Strooss
D'Haus 68 Stroossbuerger-Strooss ass en Appartementshaus mat engem Geschäftslokal op der Gare an der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der rue de Strasbourg mat der rue des États-Unis.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Architekt(en) | Mathias Martin |
Datum vum Bau | 1935 |
Historesches änneren
D′Gebai gouf 1935 vum Architekt Mathias Martin gebaut.
Gebai änneren
Nieft enger Opschrëft op der Fassade déi op de Baudatum hiweist, huet de Mathias Martin nach zwéin aner Detailer ubrénge gelooss: eng Kéier ass et eng Koppel vun Opschrëften déi un den Arrêté grand-ducal vum 1. Abrëll 1935 erënneren, duerch deen et eng Zäit laang zur Ofkoppelung vun der Paritéit tëscht dem Lëtzebuerger a belsche Frang koum an de Wäert deemmools am Verhältnes 1,00: 1,25 festgeluecht gouf.
Um Eck vum Gebai gëtt et dann och nach e Gnodebild vu Kevelaer mat der Lëtzebuerger Tréischterin am Leed[1].
Um Spaweck änneren
Commons: Haus 68 Stroossbuerger-Strooss – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 139.