Stengeforter Stauweier
De Stengeforter Stauweier war d'Resultat vun der Konstruktioun vun engem Barrage am Äischdall tëscht Stengefort a Clairefontaine an der Géigend vum Schwaarzenhaff, am Grenzgebitt tëscht Lëtzebuerg an der Belsch.

Haut si vum fréieren Industrieprojet just nach Iwwerreschter ze gesinn.
Geschichtleches a BenotzenÄnneren
Fir déi deemoleg Stengeforter Schmelz mat Killwaasser ze beliwwere gouf de Stauweier zu Stengefort gebaut. Eng éischt Konstruktioun vun engem Damm aus Buedem ass no kuerzer Zäit ondicht ginn, soudatt e Bëtongsdamm opgeriicht gouf. Allerdéngs konnt d'Äisch net genuch Waasser liwwere fir d'Schmelz um Lafen ze halen. Fir de Stauweier awer nach auszenotze sinn deemools dunn Turbinne fir Elektrizitéitsproduktioun beim Barrage montéiert ginn. Duerch déi onreegelméisseg Schwankunge vum Peegel vun der Äisch wärend dem Joer kruten och d'Turbinnen net genuch Waasser fir anstänneg ze funktionéieren.
An der Tëschenzäit ass de Weier zu enger touristescher Attraktioun fir Fräizäitbeschäftegunge ginn. Zanter datt de Stauweier nom 17. Juni 1930 eidellafe gelooss gouf, fir d'Läich vum deemolege Fierschter Pierre Dostert erauszehuelen, dee beim Schwammen erdronk war, gouf de Stauweier net méi gestaut. Hautdesdaags ass de Baseng vum Weier nees mat Bësch bewuess a just nach Iwwerreschter erënneren un de fréiere Gebrauch.
Dimensioune vum StauweierÄnneren
De Stauweier hat eng Waasseruewerfläch vun 10 ha, eng maximal Déift vun 8,5 m, eng Capacitéit vun zirka 400.000 Kubikmeter a war eng zirka 800 m laang an duerchschnëttlech eng 100 m breet.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Stengeforter Stauweier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Nicolas Anen, Der einstige Stauweiher im Steinforter Wald op wort.lu den 22. August 2018 an och am Artikel „Der vergessene Stauweiher“ an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 22. August 2018, Säit 18