Ferizaj

Land Kosovo
Verwaltungseenheet: Distrikt Ferizaj
Koordinaten: 42° 22’ 12’’ N
      21° 09’ 18’’ O
Fläch: 345  km²
Awunner: 111.841 (Gemeng, 2013)[1]
Héicht: 573 m
Websäit: www.kk.rks-gov.net/ferizaj
D'Gemeng Ferizaj am Kosovo:

Ferizaj (op albanesch och nach: Ferizaji, op serbesch: Uroševac oder Урошевац) ass eng Stad a Gemeng am Süde vum Kosovo an no Pristina a Prizren déi drëttgréisst Stad am Land. D'Gemeng setzt sech aus der Haaptuertschaft mam selwechten Numm a 45 Dierfer zesummen an huet iwwer 110.000 Awunner.

Geschicht änneren

Ferizaj ass eng vun de jéngste Stied am Kosovo. Si ass nom Bau vun der Eisebunnslinn Mitrovica-Skopje am Joer 1873 entstanen. Den Hotelbesëtzer Feriz Shasivari (no dem d'Stad benannt ass) hat eng Gare op sengem Land baue gelooss, rondrëm déi eng Uertschaft entstanen ass, déi séier gewuess ass, an deemools nach zum Osmanesche Räich gehéiert huet.

1913 ass d'Stad bei d'Kinnekräich Serbien komm a gouf an Uroševac (d'Stad vum Uroš), nom serbesche Kinnek Stefan Uroš V., ëmbenannt. Am éischte Weltkrich war d'Stad vun Éisträich-Ungarn, am zweete Weltkrich vum Kinnekräich Italie besat.

Wirtschaft änneren

Ronn 4000 Entreprisë sinn zu Ferizaj registréiert, dorënner eng Zillefabréck, eng Uelegfabréck an Entreprisen déi Uebst an Holz verschaffen. An den Dierfer gi Weess, Mais, Sonneblummen, Soja a Gromperen ugebaut.[2]

Am Oste vun der Stad läit de Camp Bondsteel, eng amerikanesch Militärbasis an där den Haaptquartéier vum amerikanesche KFOR-Kontigent ass. Si ass nom Vietnamkrichveteran James Leroy Bondsteel benannt an ass mat 386 Hektar ongeféier hallef sou grouss wéi déi ganz Stad. De Camp gouf 1999 nom Amarsch vun der NATO am Kosovo gebaut.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Camp Bondsteel.

Kultur änneren

Am Zentrum vu Ferizaj leien nëmmen e puer Meter vuneneen ewech déi grouss Moschee vum Mulla Veseli an d'orthodox Kierch vum hellegen Uroš aus dem Joer 1933. D'Proximitéit vun den zwee Gebaier gëllt als Symbol fir déi joerzéngtelaang reliéis Toleranz tëscht Moslemen a Chrëschten. D'Moschee aus dem Joer 1891 gouf am zweete Weltkrich zerstéiert an duerno nees opgebaut. Am Kosovokrich vun 1999 gouf keent vun de Gebaier zerstéiert. Wärend Onrouen am Mäerz 2004 gouf d'Kierch vun Extremisten attackéiert mä net zerstéiert.

Et gëtt en Theater an der Stad selwer.

Sport änneren

De Foussballclub KF Ferizaj spillt an der héchster nationaler Divisioun, der Raiffeisen Superliga.

Galerie änneren

Referenzen änneren

  1. Schätzung vun der kosovarescher Agence fir Statistik fir den 31. Dezember 2013 (Quell: ask.rks-gov.net "ESTIMATED DATA FOR 2013 BY MUNICIPALITY.xls")
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2014-12-19. Gekuckt de(n) 2014-12-17.