Eng Hongersnout ass e wäitverbreete Manktem u Liewensmëttel. Facteuren, déi eng Hongersnout kënnen ausléise sinn ënner anerem Krich, en Ausfall vun der Recolte, Inflatioun, oder d'Regierungspolitik. Eng Hongersnout gëtt generell vun enger regionaler Ënner- a Ernierungsmanktem, Erhéngeren, Epidemien an enger méi héijer Stierflechkeet begleet.

Een ënnererniert Kand wärend der hollännescher Hongersnout am Wanter 1944-1945

Hongersnéit gouf et a bal all Epoch an op all bewunnte Kontinent op der Welt. Am 19. an am 20. Joerhonnert waren Europa, Südost- a Südasien, déi Kontinenter, op deenen déi meescht Mënsche wärend Hongersnéit gestuerwe sinn. Am 21. Joerhonnert ass Afrika am stäerkste betraff.

2021 huet de Welternierungsprogramm (WFP) gewarnt, datt 41 Millioune Mënschen an 43 Länner vun enger Hongersnout menacéiert wieren, wärend 584.000 Persoune schonn an enger Regioun mat Hongersnout géife liewen.[1]

Definitioun änneren

De Welternierungsprogramm (WFP) erkläert eng Situatioun zur Hongersnout, wann en Ernierungsmanktem wäit verbreet ass a wa Persounen ufänke wéinst Honger ze stierwen, well se keen Zougank zu genuch Iessen hunn. D'"Integrated Food Security Phase Classification" ass den Numm vun der Skala, déi vum WFP gebraucht gëtt, fir d'Liewensmëttelsécherheet ze moossen. D'Phas 5 vun där Skala definéiert, datt ee vun enger Hongersnout schwätze ka wann:[2]

  • op d'mannst 20% vun de Stéit an engem Gebitt enger extremer Liewensmëttelknappheet ausgesat sinn a si just eng limitéiert Capacitéit hunn, domat ëmzegoen; an
  • méi wéi 30% vun de Kanner akut net genuch z'iessen hunn; an
  • d'Mortalitéit méi héich ass wéi 2 Persounen pro 10.000 Awunner pro Dag.

Wann eng Hongersnout ausgeruff gëtt bréngt dat keng Obligatioune fir eppes z'ënnerhuele fir d'Vereent Natiounen oder iergendee Land mat. Et hëlleft awer, fir d'Opmierksamkeet vun der Weltëffentlechkeet op déi Noutsituatioun ze bréngen.

Um Spaweck änneren

Commons: Hongersnéit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Welternierungsprogramm: WFP says 41 million people now at imminent risk of famine without urgent funding and immediate humanitarian access (22. Juni 2021)
  2. Integrated Food Security Phase Classification Technical Manual, Versioun 3.0, 2019, S. 9: "Insight on Famine classification"