Ewige Madonna ass e Kuerzfilm an Documentaire vum däitsche Regisseur Ulrich Kayser iwwer d'Muttergottes an der Stater Kathedral (d'Tréischterin am Leed). En ass aus dem Joer 1950 an den éischte professionell gedréinte Lëtzebuerger Faarffilm.

Ewige Madonna
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Frankräich
Däitschland[1]
Produktiounsjoer 28. Abrëll 1950
Dauer 14 min.
Ekipp
Regie Ulrich Kayser
Dréibuch Ulrich Kayser
Fotografie Klaus Behrens von Rautenfeld
Musek Eugène Bozza
Produktiouns-
gesellschaft
Société de coproduction et de participation cinématographique (SOCOPA)
Schauspiller
/
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film setzt sech aus zwee groussen Deeler zesummen. Am éischten Deel, dee ronn 10 Minutten dauert, gëtt d'Chronologie vun der Marieveréierung zu Lëtzebuerg gewisen, dorënner den Ufank vun der Iechternacher Abtei ëm d'Joer 1000, Episoden aus dem Drëssegjärege Krich, a wéi aus der Maria 1666 d'Schutzpatréinesch vun der Stad Lëtzebuerg gëtt. Den zweeten, méi kuerzen Deel weist haaptsächlech wéi den deemolege Bëschof Léon Lommel eng zäitgenëssesch Oktav feiert.

Produktiounsgeschicht änneren

De Film gouf zur Geleeënheet vum hellege Joer 1950 gedréint.[1] D'"Katholische Aktion" huet hir Memberen dozou opgeruff, mindestens 10 Lëtzebuerger Frang fir d'Produktioun vum Film ze spenden.[2][3][4] Déi gouf schlussendlech vun der Société de coproduction et de participation cinématographique (SOCOPA) an d'Hand geholl. Ewige Madonna war där Gesellschaft hiren eenzege Film.[5]

De Produktiounsleeder war de Florent Antony, an d'Musek gouf vum Symphonieorchester vu Radio Lëtzebuerg an der Militärmusek ënner der Leedung vum Henri Pensis agespillt. Den däitschen Text ass vum Nik Hein an dee franséische vum Léon Loschetter.[2]

D'Zeenen an der Kathedral goufen an der Woch vum 5. Dezember 1949 gedréint.[6][7][8] Duerno waren Dréiaarbechten zu Iechternach a Giischterklaus, an Enn Dezember zu Veianen. Zu Veianen gouf fir d'éischt am "Heemechtsmusée" gedréint, duerno och an der Trinitarierkierch an an der Buerg.[9][10][11] Silvester 1949 gouf d'Buerg duerch Feier a Spezialeffekter kënschtleg a Brand gesat, als Kuliss fir d'Zeene vum drëssegjärege Krich.[12] Och am Minett, zu Rëmeleng an der Grouft "Boucher", gouf gedréint.[13]

Ewige Madonna ass den éischte professionell gedréinte Lëtzebuerger Faarffilm, obwuel de Pierre Bertogne schonn 1939 e faarwegen Amateurfilm iwwer d'Jorhonnertfeier vum Land gedréint hat.[14]

Opféierung änneren

D'Filmpremière war den 28. Abrëll 1950 am Kino Marivaux op der Stater Gare. Si stoung ënnert dem héije Protektorat vun der Groussherzogin Charlotte, dem Bëschof Léon Lommel, an dem Minister fir Erzéiung a Kultus Pierre Frieden. Present waren och de Chamberpresident Émile Reuter, de Generalvikar Alfred Mille, den Inneminister Eugène Schaus, de Gesondheetsminister Alphonse Osch an d'Botschafter vu Groussbritannien a Frankräich.[15]

Och eng italieenesch Fassung gouf produzéiert, déi zu Roum opgefouert gouf.[2][16][17]

De 5. Juni gouf déi franséisch Versioun mam Titel Notre-Dame de Luxembourg zu Bréissel opgefouert, ënner anerem a Presenz vum apostouleschen Nuntius Monseigneur Cento an dem lëtzebuergesche Botschafter Robert Als.[18][19]

De 5. Juli gouf déi englesch Fassung vum Film mam Titel The Story of Our Lady der englescher an US-amerikanescher Press zu Paräis virgestallt.[20] De 7. Februar 1951 gouf am Kino Marivaux déi englesch Versioun dunn och zu Lëtzebuerg presentéiert. Se war liicht gekierzt an ugepasst, fir de Film méi accessibel fir en auslännesche Public ze maachen. Bei der Première waren ënner anerem de Bëschof Lommel an d'US-amerikanesch Botschafterin Perle Mesta present.[21][22]

No der Première vun der englescher Versioun zu Paräis ass de Film op der Film-Biennale vu Venedeg gewisen, éier en de Wee op New York fonnt huet.[23]

Am November 1954 gouf Ewige Madonna wärend der Internationaler Woch vum reliéise Film zu Lima am Peru gewisen.[24]

Restauréierung änneren

Am Joer 2000 gouf Ewige Madonna am Optrag vum CNA restauréiert. Dank enger neier digitaler Technik konnten dem Film seng ursprénglech Faarwen nees hirgestallt ginn. De Broadcasting Centre Europe, eng Filial vum RTL Group, war fir d'Restauratioun verantwortlech.[25]

Wat sot d'Press änneren

Luxemburger Wort, 29. Abrëll 1950:[26]

Das Werk [stellt] in seiner Art der Kolorierung eine Neuerung dar und [ist] in technischer Hinsicht als eine Meisterleistung anzusprechen [...] Hervorzuheben aber ist die majestätige Gewalt der Musik, die den guten Eindruck der farbigen Bilder verdoppelt. Auch der sprachliche Teil des Filmes verdient, wegen seiner Konzision, die beste Anerkennung.

Escher Tageblatt, 29. Abrëll 1950:[27]

Künstlerisch gewinnt der Streifen zunächst durch die Begleitmusik, die sehr geschickt Motive aus unseren Volks- u. Marienliedern verwendet, und durch die wirklich hervorragenden musikalischen und gesanglichen Darbietungen. Der Streifen gewinnt in künstlerischer Hinsicht ferner durch die sprachlich und inhaltlich gleich vorzüglichen Kommentare [...]. Doch dürfte, so. scheint uns, der Bildschnitt stellenweise etwas abrupt sein. [...] Der Regie sei zugute gehalten, daß sie es verstand, allfälligen Sentimentalitätswirkungen aus dem Wege zu gehen. Vielleicht aber hat sie manchmal die filmische Aussage zu straff geformt. [...] Es ist ein guter Film, der durch sein wirklich populäres Thema die Massen anspricht. Ob er ein Meisterwerk ist in des Wortes wahrer Bedeutung, ein Meisterwerk vor allem hinsichtlich der technischen Gestaltung des anziehenden filmischen Vorwurfs, diese Frage möchten wir vorläufig offenlassen.

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Le détonateur de la culture cinématographique allemande d’après-guerre : les rencontres cinématographiques franco-allemandes (1946-1953), Thomas Tode, in: "1895", Nr. 60, 2010
  2. 2,0 2,1 2,2 Um den luxemburgischen Film: „EWIGE MADONNA”, in Luxemburger Wort, Säit 6, 25. Mäerz 1950
  3. Michel Legrand, Paul Estgen
  4. Daniela Lieb, Säit 408
  5. Daniela Lieb, Säit 405
  6. Aufnahmen zum Film „Ewige Madonna", in Luxemburger Wort, Säit 3, 12. Dezember 1949
  7. Landeschronik in Luxemburger Wort, Säit 4, 26. Abrëll 1950
  8. Stadt Luxemburg in Luxemburger Wort, Säit 4, 5. Dezember 1949
  9. Aus dem Grossherzogtum in Escher Tageblatt], Säit 7, 4. Januar 1950
  10. Die Viandener Burg in Flammen in Luxemburger Wort, Säit 4, 2. Januar 1950
  11. Landeschronik in Luxemburger Wort, Säit 4, 23. Dezember 1949
  12. Landeschronik in Luxemburger Wort, Säit 4, 31. Dezember 1949
  13. Im kleinsten Filmatelier der Welt in Escher Tageblatt, Säit 7, 27. Mee 1950
  14. Daniela Lieb, Säit 403
  15. Grand-Duché de Luxembourg, Ministère d'État, Bulletin d'Information, N°3/4, 30. Abrëll 1950, Säit 60
  16. „Burg Vianden brennt" in Luxemburger Wort, Säit 5, 4. Abrëll 1950
  17. „La Madonne Eternelle“ des ouvriers-mineurs in Luxemburger Wort, Säit 5, 30. Januar 1950
  18. Landeschronik in Luxemburger Wort, Säit 4, 3. Juni 1950
  19. A la Gloire de Notre-Dame de Luxembourg in Luxemburger Wort, Säit 2, 14. Juni 1950
  20. Stadt Luxemburg in Luxemburger Wort, Säit 4, 4. Juli 1950
  21. „The Story of our Lady” in Luxemburger Wort, Säit 4, 8 Februar 1951
  22. "The Story of Our Lady" in Luxembourg Bulletin, Säit 6, 1. July 1951
  23. Landeschronik, in Luxemburger Wort, Säit 4, 21. Juli 1950
  24. Internationale Woche des religiösen Films in Peru in Luxemburger Wort, Säit 12, 19. November 1954
  25. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 187
  26. Die Filme der Woche in Luxemburger Wort, Säit 12, 29. Abrëll 1950
  27. Zur Uraufführung des Films "Die ewige Madonna in Escher Tageblatt, Säit 10, 29. Abrëll 1950