Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Vestmannaeyjar (iwwersat: Westmännerinselen) sinn eng Inselgrupp am Atlanteschen Ozean déi eng vulkanesch Originn hunn a südlech vun Island leien. Si bestinn aus 14 Inselen, 30 Schären an 30 Fielsen.

Vestmannaeyjar
Geographie
Land Island
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Koordinaten 63°24'59,0"N, 20°16'58,1"W
Fläch 16,3 km²
Héchste Punkt Heimaklettur (283 m)
Verwaltung
Demographie
Awunner 4.523
Awunnerdatum 2023
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC±0
Hafen an Uertschaft vun Heimaey, geknipst vun den Häng vum Bierg Háhá. Bjarnarey läit hanner dem Lavafeld riets, an Heimaklettur heescht de Bierg lénks
Heimaey virun an nom nom Vulkanausbroch 1973
Heimaey wärend der Eruptioun

Heimaey [ˈhɛi̯maɛi̯] ass mat Ofstand déi gréisst an eenzeg Insel, déi stänneg bewunnt ass. Op hir läit eng Uertschaft mat 4.523 Awunner(2023), déi de selwechten Numm huet. Si huet Enn Januar 1973 an aller Vitess missen evakuéiert ginn, well en neie Vulkan, den Eldfell, direkt bei der Uertschaft ausgebrach ass. Glécklecherweis ass kee Mënsch zu Schued komm, well déi ganz Fëschereiflott wéinst engem Stuerm deen Dag virdrun am Hafen bliwwe war a sou d'Leit evakuéiert konnte ginn. Méintlaang huet de Vulkan Lava an Äsche gespaut, an et bestoung d'Gefor, datt d'Zoufaart zum Hafen zougeschott kéint ginn, wat de Leit d'Liewensgrondlag entzunn hätt. E Geolog koum op d'Iddi, mat alle Pompelen, déi opzedreiwe waren, d'Lava mat Mierwaasser ofzekillen, wat dann och gemaach gouf. De Lavafloss huet dann och no e puer Méint an der Entrée vum Hafe stallgehalen.

Och haut nach kann een op de Lavasteng d'Hëtzt ënner de Fousssuele spieren. Haiser, déi beim Vulkanausbroch verschott goufen, ginn zanter e puer Joer erëm ausgegruewen, wat hinnen den Numm Pompei Norðursins ("Pompeji vum Norden") ginn huet.

D'Uertschaft Heimaey lieft och haut nach haaptsächlech vun der Fëscherei a gehéiert zu de räichste Gemengen an Island. D'Insele sinn entweeder um Loftwee oder mat enger Fär z'erreechen.

Déi eenzel Inselen heeschen:

  • Heimaey (13,4 km²)
  • Surtsey (1,9 km² / eréischt 1963 bei engem Vulkanausbroch entstanen)
  • Elliðaey (0,45 km²)
  • Bjarnarey (0,32 km²)
  • Álsey (0,25 km²)
  • Suðurey (0,20 km²)
  • Brandur (0,1 km²)
  • Hellisey (0,1 km²)
  • Súlnasker (0,03 km²)
  • Geldungur (0,02 km²)
  • Geirfuglasker (0,02 km²)
  • d'Inselen Hani, Hæna an Hrauney, grad wéi d'Schär Grasleysa, droen den Numm Smáeyjar (Klenginselen).

Um Spaweck änneren

Commons: Vestmannaeyjar – Biller, Videoen oder Audiodateien