Luxembourgichthys friedeni

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Luxembourgichthys friedeni ass eng fossill Fëschaart aus der Uerdnung vun de Pholidophoriformes, déi 1999 vum Dominique Delsate fir d'éischt beschriwwe gouf.[1]

† Luxembourgichthys friedeni
Den Holotyp vum Luxembourgichthys friedeni

Den Holotyp vum Luxembourgichthys friedeni
Den Holotyp vum Luxembourgichthys friedeni
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Actinopterygii
Uerdnung: Pholidophoriformes
Gattung: † Luxembourgichthys
Wëssenschaftlechen Numm
† Luxembourgichthys friedeni
Delsate, 1999

D'Aart gouf fir d'éischt (1999) ënner dem Numm Pholidophorus friedeni beschriwwen. 2017 gouf si an d'Gattung Luxembourgichthys geréckelt, déi extra fir dës Aart agefouert gouf.

D'Aart gouf bis ewell just a geologesche Schichten an der Belsch an zu Lëtzebuerg nogewisen. De Fësch huet an der Period vum ënneschte Jura gelieft.[2]

Luxembourgichthys ass eng monotypesch Gattung, well si beim Kenntnisstand vun haut just eng Aart enthält.

Referenzen änneren

  1. "Un poisson nommé Luxembourgichthys." wort.lu, 18 août 2017, 12:42.
  2. Louis Taverne & Etienne Steurbaut, 2017. Osteology and relationships of Luxembourgichthys ("Pholidophorus") friedeni gen. nov. (Teleostei, "Pholidophoriformes") from the Lower Jurassic of Belgium and the Grand Duchy of Luxembourg. Gologica Belgica 20/1-2. [1]