L'Insoumis

Film vum Alain Cavalier (1964)

L’Insoumis ass e franséische Film vum Alain Cavalier aus dem Joer 1964, mam Alain Delon a mat der Lea Massari an den Haaptrollen. E gouf tëscht Februar a Mee 1964 gedréint a koum de 25. September dat Joer an de Kino.

L'Insoumis
Film
Produktiounsland Frankräich
Première 1964
Dauer 100 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Alain Cavalier
Dréibuch Alain Cavalier, Jean Cau
Fotografie Jean-Marc Ripert
Musek Georges Delerue
Schnëtt Pierre Gillette
Produzent Delbeau Prod Cipra (Paräis), PCM (Roum)
Schauspiller
Alain Delon als Thomas Vlassenroot
Léa Massari als Dominique Servet
Georges Géret als Leitnant Fraser
Maurice Garrel als Pierre Servet
Viviane Attia als Maria
Robert Bazil als Papp vum Maria
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Wourëms geet et am Film?

änneren

De Lëtzebuerger Thomas Vlassenroot kämpft 1959, wärend dem Algerienkrich, a Kabylien an der Friemelegioun op der franséischer Säit. Hien desertéiert a verstoppt sech bei enger Frëndin zu Algier. Ma am Fong wëll hien hannescht a seng Heemecht. Do kënnt him eng Propos vum Fraser, deen ewell bei der OAS ass, zupass: Fir eng gréisser Zomm Geld, déi him d'Rees fir heem bezuele géif, soll en eng Affekotin, d'Dominique Servet, entféieren...

L'Insoumis gouf am Februar 1965 a Frankräich verbueden, nodeems d'Affekotin Mireille Glaymann eng Plainte agereecht hat. Si selwer war 1962 zu Alger vun der OAS entfouert ginn. De Film koum 1967-68 an enger ëm 25 Minutte gekierzter Versioun an e puer Kinoen nees eraus.

Eng Foto aus der leschter Zeen vum Film, mam Delon deen den doudege Vlassenroot spillt, ass um Cover vun The Queen is Dead, dem drëtten Album vun der brittescher Band The Smiths, ze gesinn.

Um Spaweck

änneren