Schëld E, 20

Verkéiershiwäisschëld Lëtzebuerg


D'Schëld E, 20 ass en Hiwäisschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat eng Tramshalt uweist. D'Schëld muss op der Récksäit widderholl ginn.

Schëld E, 20
Tramshalt
Bezeechnung E, 20
Kategorie Verkéiershiwäisschëld
Land Lëtzebuerg

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]
« 19. arrêt de tramways – Le signal E,20 indique un arrêt de tramways. Il doit être répété au revers du panneau. »

Bemierkungen änneren

  • Ursprénglech war am Code de la route um Schëld E, 20 e Piktogramm mat engem méi „ale“ Modell vun engem Tram virgesinn[2]. Am Juni 2017, nach ier den Tram gefuer ass, gouf de Piktogramm zu Gonschte vu méi engem „modernen“ Tram getosch.
  • Obwuel et vum Code de la route virgeschriwwen ass[3], gëtt d'Schëld E, 20 op kenger Tramshalt zu Lëtzebuerg opgestallt.

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiershiwäisschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. Règlement grand-ducal du 13 janvier 2005, Säit 102
  3. Art. 158 vum Code de la route: « Il est interdit aux conducteurs de tramways de laisser ou de faire monter ou descendre des voyageurs à des endroits autres que les arrêts de tramways et les gares routières signalés comme tels. »