Däitsch-Hollännesch-Belschen Dräilännereck

Den Däitsch-Hollännesch-Belschen Dräilännereck läit um Vaalserberg tëscht den Uertschafte Gemmenich an der Belsch, Vaals an Holland, an dem Staddeel Reinartzkehl vun Oochen an Däitschland.

Dräilännermaark

Den Dräilännerpunkt gëtt markéiert vun der Grenzmaark mat der Nummer 193, déi riets vum Wee fir op Gemmenich steet, wann ee vu Vaals kënnt.

Déi dräi Granitsmaarken déi op der Plaz stinn, hunn nëmme symbolesche Wäert, si stinn all op hollänneschem Terrain.

De Vaalserberg ass mat 327,5 Meter den héchste Punkt vun Holland.

Ënner dem Bierg féiert de Gemmenicher Tunnel erduercht, den op der Eisebunnsstreck Antwerpen-Oochen läit an op der belscher Säit zu der Linn 24 vun der SNCB gehéiert, an op der däitscher Säit zu der Linn 2552 vun der DB.

Den Dräilännerpunkt ass als Fräizäitplaz ugeluecht mat gudde Parkméiglechkeeten, villen Trëppelpied duerch de Preusswald, a mat engem Labyrinth nieft der Tour Baudouin.

Kuriéises änneren

Tëscht 1839 an 1919 war dësen Dräilännereck e Véierlännereck: Den neutralen Territoire vu Moresnet huet mat senger Nordspëtzt hei ugestouss.

Koordinaten: 50° 45’ 14’’ N 06° 01’ 15’’ O