Lena (Floss)
Lena | |
![]() | |
Längt | 4.400 km |
Héicht vun der Quell oder Zesummelaf |
1.640 m |
Duerchschnëttsdebit | 17.000 m³/s |
Fläch vum Baseng | 2.500.000 km² |
Leeft an: | |
Floss - Hydrologie |
D'Lena (Russesch: Лена) ass e Stroum a Sibirien (Russland). Se ass eng 4.400 km laang an zielt dofir zu deene längste Flëss op der Äerd. Se huet hir Quell westlech vum Baikalséi a leeft haaptsächlech an nërdlecher Richtung, wou se dann an d'Laptewmier leeft, wat en Deel vum Nërdlechen Äismier ass. Just virdru bilt se e grousst Delta, d'Lenadelta.
Déi wichtegst Stad un der Lena ass Jakutsk.
Bis bei d'Eisebunnsbréck bei Ust-Kut kann ee mat Schëffer op der Lena fueren, déi meescht Zäit am Joer ass se awer zougefruer. Nieweflëss sinn Aldan a Wiljuj, déi bei Batamaj respektiv Tas-Tumus an d'Lena lafen.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Lena River – Biller, Videoen oder Audiodateien |