De Jacob van Deventer (och: Jacob Roelofs, Jacobus de Daventria oder Jacques de Deventer), gebuer ëm 1505 zu Kampen, a gestuerwe 1575 zu Köln, war e Kartograph.

Jacob van Deventer
Gebuer 1505
Kampen
Gestuerwen 1575
Köln
Nationalitéit Holland
Educatioun Al Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Kartograph, Kofferstiecher, Graveur

De Jacob van Deventer huet seng Jugend zu Deventer verbruecht, wouhier e säin Numm krut. Scho mat 15 Joer huet hien zu Léiwen Medezin studéiert, méi spéit och Mathematik a landmeetkunde, d.h. d'Wësseschaft vun der Vermiessung a vum Opstelle vu prezise Landkaarten.

Ëm 1530 misst hie vum Karel V. domat chargéiert gi sinn, fir déi eenzel Provënze vun de Spueneschen Nidderlanden ze kartographéieren. 1536 war d'Kaart vum Herzogtum Brabant fäerdeg, a 1542 déi vun Holland. Dës si bal all nëmmen als Kopie vu méi spéit bekannt, wouvun déi meescht 1945 zu Breslau verluer goungen.

1558 krut de Jacob van Deventer vum Kinnek Philipp II. eng nei Commande, fir ewell Kaarte vun deene wichtegste Stied an de Spueneschen Nidderlanden ze maachen:

... de visitter, mesurer et desseigner touttes les villes de par deça, ainsi les rivières et villaiges circumvoisins, semblablement les passaiges ou destroictz des frontières et le tout rediger en ung livre contenant pourtraict de chascune province et après démonstration de chascune ville particullière …".

Bis 1570 huet en esou hirer eng 300 gezeechent, déi mat Waasserfaarf gefierft goufen. 222 dovu sinn der an zwéi Reccueilen erhale bliwwen; en drëtte Band ass haut verschwonnen. Wärend där Zäit huet de van Deventer zu Mechelen gewunnt; 1572 huet e virum Achtzegjärege Krich missen op Köln flüchten, wou e verschiddener vu senge Kaarte beim Georg Braun an engem Atlas publizéiere gelooss huet.

De Jacob van Deventer war ee vun den éischte Kartographen, déi fir hir Kaarten mat der Triangulatioun geschafft hunn. Déi meescht vu senge Kaarte waren am Moossstaf vun ongeféier 1:8000.

Hien hat d'Gewunnecht, fir d'éischt eng Skizz ze zeechnen (minuut- éischt Versioun genannt), op déi e sech op Hollännesch Notize gemaach huet. Vill vun deene minuten sinn haut an der Kinneklecher Bibliothéik vun der Belsch, zu Bréissel. Dono huet hien d'Kaarte méi prezis ausgeschafft an eng sougenannt Netzkaart gemoolt, op där d'Beschrëftung op Latäin war. Vill vun deene Kaarte ginn haut an der Biblioteca Nacional de España zu Madrid versuergt. Dono huet hien dann och nach detailléiert Niewekaarte vun eenzele Stied gemaach.

Ëm 1550 huet hien och eng Kaart vun der Stad Lëtzebuerg gezeechent, déi eelst Kaart déi vun der Stad bekannt ass[1].

Zu Éiere vum de Deventer ass zu Dummeldeng eng Strooss, d'Rue Jacques-de-Deventer, no him genannt.

Literatur änneren

  • Cornelis Koeman, Gewestkaarten van de Nederlanden door Jacob van Deventer 1536 - 1545. Met een picturale weergave van alle kerken en kloosters. Facsimile-uitgave. Alphen aan den Rijn 1994.
  • Peter H. Meurer, Pläne rheinischer Städte bei Jacob van Deventer. In: Burgen und Schlösser 20 (1979), S. 43–48.
  • Cornelis Koeman; Peter H. Meurer (Hrsg.): Die Stadtgrundrisse von Jacob van Deventer. Alphen aan den Rijn 2001.
  • B. van 't Hoff, Jacob van Deventer keizerlijk en koninklijk geograaf. Den Haag 1953.
  • Wouter Bracke, Jacob van Deventer e l'atlante di città dei Paesi Bassi, in: Cesare de Seta and Brigitte Marin (Hrsg.), Le città dei cartografi. Studi e ricerche di storia urbana, Neapel 2008, S. 38–48. (PDF)

Um Spaweck änneren

Commons: Jacob van Deventer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Evy Friedrich, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an Ons Stad 7/1981, gekuckt de 24. Mee 2018