Anna Madeleine Beicht
D'Anna Madeleine ("Pepy") Beicht, gebuer den 3. Mäerz 1907 an der Stad an och do gestuerwen de 16. November 1976 [1][2], war eng lëtzebuergesch Musikspedagogin, Pianistin a Komponistin.
Anna Madeleine Beicht | |
---|---|
Gebuer |
3. Mäerz 1907 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
16. November 1976 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Museker, Pianist, Komponist |
Famill | |
Papp | Jean-Pierre Beicht |
Mat 8 Joer ass si als Pianistin am Kader vun engem Concert vum Chouer Orania, deen hire Papp de Jean-Pierre Beicht dirigéiert huet, virun der Groussherzogin Marie-Adelheid opgetrueden.[3]
Mat 11 Joer huet si d'Melodie vum Lidd "Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen" komponéiert. Iwwer weider Kompositiounen ass wéineg gewosst.
Vum 1. Januar 1929 bis den 31.12. 1956 war si Professorin fir Piano am Escher Conservatoire. Vum 1. Januar 1968 bis de 15. Juli 1974 war si um Stater Conservatoire engagéiert. Hir Schüler waren ë.a. d'Barbara Klingenberg[4] an de Museksjournalist Guy Jourdain.
An den 1930er Joren war si eng gefrote Pianistin fir bei Concerten als Solistin opzetrieden oder um Fligel ze begleeden. Nom Krich huet si zesumme mat de Sänger Victor Jaans a Robert Hellinckx, dem Geiist Edmond Perbal Concerte ginn an ass am Trio mam Laure Paulus (Gei) a Jules Spedener (Cello), dem éischten an deemolegen Direkter vun der Escher Museksschoul[5] opgetrueden.
Den 29. Mäerz 1937 huet si sech mam Postbeamten Eugène Moyen bestuet[6] a si hunn zu Esch-Uelzecht gewunnt.
Literatur
änneren- Anders-Malvetti, Ursula: Die Musikerfamilie Beicht. Jean-Pierre, Louis und Anna Madeleine, in: nos cahiers. Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Luxemburg Jg. 34 (2013), Nr. 1, S. 105-118.
- Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, hrsg. von Lëtzebuerger Stadmusek, aus Anlass ihres 125. Jubiläums, Luxemburg 1988, S. 46. Conservatoire de musique de la Ville de Luxembourg (Hrsg.): Soixante-quinzième anniversaire, Luxemburg 1981.
- Jourdain, Guy: Luxemburger Komponisten: Madeleine Beicht, in: Clausener Trooter. Bulletin trimestriel de la Fanfare Grand-Ducale de Clausen, Luxemburg 1978, Nr. 6, S. 6-7
Kuck och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Doudesannonce. Luxemburger Wort (17.11.1976). Gekuckt de(n) 07.12.2024.
- ↑ Remerciement mat Foto. Luxemburger Wort (30.12.1976). Gekuckt de(n) 07.12.2024.
- ↑ Oranias vaterländisches Liederfest. Luxemburger Wort (16.04.1915). Gekuckt de(n) 07.12.2024.
- ↑ Biografie vum Barbara Klingenberg. musique.uni.lu. Gekuckt de(n) 08.12.2024.
- ↑ Biografie vum Jules Spedener. melusinapress.lu. Gekuckt de(n) 08.12.2024.
- ↑ Annonce vum Bestietnis. Escher Tageblatt (27.03.1937). Gekuckt de(n) 07.12.2024.