Michael Douglas

US-amerikanesche Schauspiller
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schauspiller Michael Douglas. Fir aner Leit déi sou heeschen, kuckt wgl. Michael Douglas (Homonymie).

De Michael Kirk Douglas, gebuer de 25. September 1944 zu New Brunswick am New Jersey als Michael Issurovitch Demsky, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmproduzent an Oscar-, Golden-Globe an Emmy-Gewënner.

Michael Douglas
um Deauviller Filmfestival 2013
Gebuertsnumm Michael Kirk Douglas
Gebuer 25. September 1944
New Brunswick
Nationalitéit USA
Educatioun University of California
Aktivitéit Schauspiller, Filmproduzent, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Catherine Zeta-Jones
Papp Kirk Douglas
Mamm Diana Dill
Geschwëster Eric Douglas, Peter Douglas, Joel Douglas
Kanner Cameron Douglas, Carys Zeta, Dylan Douglas

Hien ass de Jong vum Schauspiller Kirk Douglas an deem senger éischter Fra, der Diana Dill. Hien huet Schauspillerei a Regie studéiert, an hat seng éischt Filmroll 1969 an Hail, Hero!. Bekannt gouf en nieft dem Karl Malden an der TV-Serie Streets of San Francisco (1972-1977), woufir en 3 Emmye krut. Hien huet och dem Miloš Forman säi Film One Flew over a Cuckoo's Nest produzéiert an dofir 1975 den Oscar fir de beschte Film kritt. Filmer mat him an der Haaptroll, déi Succès haten, koumen no: China Syndrome, Romancing the Stone an The Jewel of the Nile, déi en och allen dräi produzéiert huet.

1988 huet e fir Wall Street säin éischten Oscar fir déi bescht Haaptroll kritt. An den 1990er Joren huet hie säi Repertoire vun éischter liichte Kaméidisfilmer op méi kontrovers Filmer gewiesselt, wéi Basic Instinct, dem David Fincher säin The Game, Falling Down oder Traffic, déi em souwuel Luef vun de Kritiker wéi och kommerzielle Succès abruecht hunn.

Hien ass zanter 2000 mat der Schauspillerin Catherine Zeta-Jones bestuet; si hunn zwee Kanner zesummen.

Filmographie als Schauspiller (Auswiel) änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Michael Douglas – Biller, Videoen oder Audiodateien