Cercle athlétique Schëffleng

Liichtathleetiksveräin zu Schëffleng

De Cercle athlétique Schëffleng, offiziell Cercle athétique Schifflange, ass e Liichtathleetiksveräin zu Schëffleng. De Veräi gouf 1937 gegrënnt an ass domat ee vun den eelste Liichtathleetiksveräiner zu Lëtzebuerg.

Grënnung vum C. A. Schëffleng änneren

Wéi de Jean Weydert 1923 President vum The National ginn ass, du goufen onbewosst d'Weiche fir eng Trennung vum Foussball, an d'Grënnung vun engem onofhängege Liichtathleetikklub gestallt. Ënner senger Féierung sinn d'Athleeten 1925 bis an déi iewescht Spëtz vun der Lëtzebuerger Liichtathleetik virgestouss. Streidereien am Klub hunn de Veräin erëm op en nidderegen Niveau zeréckversat an d'Ofsplécke vum Foussball war bal net méi z'ëmgoen.

Kleng Oneenegkeeten hunn zu ëmmer méi grousse Reiwereien tëscht der Foussballsektioun an der Liichtathleetiksektioun gefouert. Am Fréijoer 1929, no engem Cross zu Rëmeleng war et dann sou wäit; dem Broch war net méi aus de Féiss ze kommen. D'Liichtathleeten hu sech vun hire Komeroden aus dem Foussball geléist, a si hunn en onofhängege Club gegrënnt, de Cercle Athlétique Schifflange, an de Liichtathleetikkreesser besser als C.A.Schëffleng oder och nach als C.A.S. bekannt.

Éischte Comité änneren

Den éischte Comité vum C.A.S. huet sech aus dem Jean Weydert (President), Mich Baustert (Sekretär), Albert Schummer, Hein Miller an e puer Athleete mat virop dem Pierre Scholtes zesummegesat.

1937 huet den CA sech als A.s.b.l. konstituéiert. D'Statuten, déi den 21. Januar 1937 am Mémorial publizéiert goufen, si vum Michel Baustert, Alfred Fleschen, Jos Marx, Hein Miller, Pier Scholtes, Albert Schummer, Georges Stein, Mett Stein, Jean Weydert an Albert Zwanck ënnerschriwwe ginn. Den éischte Verwaltungsrot huet sech aus Weydert (President), Marx a Scholtes (Vizepresidenten), Baustert (Sekretär), Miller (Keessjee) an de Bridder Georges a Mett Stein zesummegesat. (Auszuch aus dem Buch 75 Joer C.A.Schëffleng)

Terrain änneren

Meetingen änneren

Meeting International Scheffleng

Aktuelle Comité änneren

  • HENSGEN Pierre, Vizepresident
  • METZLER Monique, Keessjee
  • MATHIEU Romain, Sekretär/Webmaster
  • HIPPERT Jean, "Platzwart"
  • KAYSER Suzette, Member
  • KOHL Alexa, Member
  • SIMON Steffie, Lizenzen/Medico
  • WEIWERT Christian, Member

Bibliographie änneren

  • 75 Joer C.A.Schëffleng, 2004

Um Spaweck änneren