De François Magnani, gebuer de 7. Juni 1928 zu Schëffleng an do gestuerwen de 5. Mäerz 1998[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik[2], an huet an der Golkipppositioun beim FC Schëffleng gespillt.

François Magnani
Gebuer 7. Juni 1928
Schëffleng
Gestuerwen 5. Mäerz 1998
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London an op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden.[3],[4]

Tëscht dem 21. November 1948 am 15. Abrëll 1951 huet de François Magnani aachtmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5]

Palmarès änneren

Mam FC Schëffleng huet hien an der Saison 1951/52 de Championstitel gewonnen, an 1960 gouf an der Finall vun der Coupe de Luxembourg vun der Stade Diddeleng 3-0 geklappt.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Éditions Schortgen - Henri Bessler - Pierre Gricius - Georges Klepper ISBN 978-2-87953-197-7 S. 107
  2. Lëscht vun de Spiller vun der lëtzebuergesch Foussballnationalekipp bei der Olympiad 1952 op der Websäit vun der FIFA
  3. De François Magnani op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. Profil vum François Magnani op der Websäit vun der FIFA
  5. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum François Magnani op der Websäit European Football