Miralem Pjanić
De Miralem Pjanić, gebuer den 2. Abrëll 1990 zu Tuzla (deemools SFR Jugoslawien), ass e Foussballspiller aus Bosnien an Herzegowina, deen och déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet. Hie spillt zanter 2020 fir den FC Barcelona an zanter 2008 an der bosnescher Nationalmannschaft.
Miralem Pjanić | |
---|---|
Gebuer | 2. Abrëll 1990 |
Nationalitéit | Bosnien an Herzegowina, Lëtzebuerg, Frankräich |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Gréisst | 180 cm |
Gewiicht | 68 kg |
Veräin/Ekipp |
Juventus Football Club, FC Metz, FC Barcelona |
Huet matgemaach bei | Foussball-Weltmeeschterschaft 2014 |
Veräiner
ännerenDe Miralem Pjanić ass mat senger Famill, am Ufank vun den 1990er Joren, wéinst dem Bosniekrich op Lëtzebuerg wunne komm. Hien huet 1995 beim FC Schëffleng 95 an der Jugendekipp ugefaangen, an ass 2003 an déi vum FC Metz spille gaangen. Do huet hien och vun 2007 bis 2008 an der Profi-Ekipp gespillt. 2008 ass hie bei den Olympique Lyon gewiesselt an huet vun 2011 bis 2016 fir d'AS Roma gespillt. 2016 bis 2020 war hie beim Juventus Turin, a fir d'Saison 2020/21 ass hie fir 60 Milliounen Euro bei de Barca gewiesselt. Dësen huet e fir d'Saison 2021-22 fir ee Joer un de Besiktas Istanbul 'verlount'.[1]
Lännermatcher
ännerenBei der U17-Europameeschterschaft huet de Pjanić 2006 fir Lëtzebuerg gespillt. Zanter 2007 spillt hie fir déi bosnesch Nationalekipp.
Um Spaweck
ännerenCommons: Miralem Pjanić – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ "De Miralem Pjanic gëtt fir 1 Joer u Besiktas Istanbul ausgeléint." rtl.lu, 03.09.2021.