Chemin repris

Staatsstrooss zu Lëtzebuerg, déi vun der Bauverwaltung ënnerhale gëtt

E Chemin repris (ofgekierzt CR) zu Lëtzebuerg ass e fréiere Vicinalwee[1] dee vum Staat iwwerholl gouf, an domat an d'Kompetenz vun der Bauverwaltung koum, soudatt den Ënnerhalt an d'Signalisatioun zu Laaschte vum Staatsportmonni sinn.

Uertschaftsschëld mat der Indikatioun datt een um CR379 ass.

Um Enn vum 19. Joerhonnert hat de Staat sou 1.535 km Vicinalweeër iwwerholl, am Verglach zu den deemolege 707 km Staatsstroossen. Mam Gesetz vum 22. Dezember 1995 gouf dëse Reseau op 2.022 km ausgebaut, dogéint stounge 798 km Nationalstroossen.[2]

E Chemin repris kann och eng fréier Nationalstrooss gewiescht sinn, déi reklasséiert gouf.

Fir d'Bezeechnung vun den CR-Stroosse ginn dräistelleg Zuele benotzt, déi bei 101 ufänken a bis maximal 379 ginn, woubäi d'Nummeréierung awer net ganz duerchgängeg ass. Zousätzlech zu den Zuele kann nach e Buschtaf ugehaange gi bei meeschtens méi klenge Stroossen, déi awer dacks mat där Strooss a Relatioun sinn, déi d'Stammnummer huet. Déi Zuele stinn och op ville Stroossen- an Uertschaftsschëlter.

Um Spaweck änneren

Commons: Chemin repris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Vum Latäin vicinus den Noper, also Noperschaftsweeër.
  2. L'évolution du réseau routier d'ordre supérieur op der Websäit vun de Ponts et chaussées. archivéiert.