D'Lydie Schmit, gebuer den 31. Januar 1939 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 7. Abrëll 1988, war eng lëtzebuergesch LSAP-Politikerin.

Lydie Schmit
Gebuer 31. Januar 1939
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 7. Abrëll 1988
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

D'Lydie Schmit ass an enger Aarbechterfamill opgewuess. Si huet Sproochen a Geschicht studéiert a war vun 1963 u Lycéesprofessesch, fir d'éischt an enger Privatschoul, duerno vun 1968 un, am Lycée Hubert Clément zu Esch. D'Theema vun hirer Dokterthees, am Kader vun der deemoleger Collation des grades, war d'Geschicht vun de Gewerkschaften zu Lëtzebuerg vun hiren Ufäng bis 1939. Hir Fuerschunge fir dës Aarbecht hunn et matbruecht, datt si vill a Kontakt mat de Parteien an deene verschiddene Gewerkschafte war, an dobäi hir d'Interessen un der Politik abruecht. 1970 ass si der LSAP bäigetratt, gouf 1973 Vizepresidentin a vun 1974 bis 1979, Presidentin vun där Partei. Si war domat déi éischt Parteipresidentin zu Lëtzebuerg an an Europa.

Vun 1976 bis zu hirem Doud 1988 war si am Schëfflenger Gemengerot. 1979 ass si an d'Chamber gewielt ginn, huet hiert Mandat awer den 30. August 1980 nees opginn. Politesch huet si sech verstäerkt op internationalem Plang engagéiert: Den 10. November 1980 gouf si Presidentin vun der Sozialistescher Fraen-International a Vizepresidentin vun der Sozialistescher International (bis 1984).

1984 huet si fir d'Wale vum Europäesche Parlament kandidéiert a gouf als Deputéiert op Stroossbuerg gewielt.

D'Lydie Schmit ass de 7. Abrëll 1988 u Kriibs gestuerwen.

Fir un si z'erënnere gouf d'Grondschoul an der Rue de la Forêt zu Schëffleng École Lydie Schmit gedeeft. Zu Mamer ass eng Strooss no hir genannt (L-8242).

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Kaleidoskopisches - In dankbarer Erinnerung; in: 75 LHC - Lycée Hubert-Clément 1911-1986; Esch-Uelzecht, 1986; Ss. 114-116.

Literatur änneren

  • Renée Wagener: „Méi Sozialismus!“ Lydie Schmit und die LSAP 1970-1988. Eine politische Biografie. Erausgi vun der Fondation Lydie Schmit, 2103. ISBN 978-2-919908-07-3.
  • j-lo: Europaparlamentarierin Lydie Schmit +; in: Luxemburger Wort vum 8. Abrëll 1988.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren