Albert Wingert

lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Resistenzler
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Albert Joseph Wingert, gebuer de 25. Juni 1897 zu Holz (Rammerech), a gestuerwen den 29. Mäerz 1962 am Spidol zu Esch-Uelzecht un de Follege vun engem Häerzinfarkt, war e lëtzebuergesche, Schoulmeeschter, Politiker a Resistenzler.

Albert Wingert
Gebuer 25. Juni 1897
Holz
Gestuerwen 29. Mäerz 1962
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Normalschoul
Aktivitéit Politiker, Resistenzler, Schoulmeeschter
Member vun Alweraje
Famill
Bestuet mat Mie Wingert-Rodenbour

Hie war ee vun de Matgrënner vun der Resistenzorganisatioun Alweraje.

Wéinst senge Resistenzaktivitéite gouf hie vun den Nazien op Hinzert, an an d'Kazetter Gusen I a Mauthausen verschleeft.

Fir un hien z'erënnere gouf déi sougenannt Nei Schoul zu Schëffleng École Albert Wingert gedeeft, an eng Strooss laanscht d'Schoul huet säin Numm.

Hie war bis 1933 mat der Léierin a Journalistin Mie Wingert-Rodenbour bestuet.

Literatur zum Theema änneren

  • Marc Limpach, Marc Kayser: Wir glauben an die Demokratie. Albert Wingert, Resistenzler. Eine Monographie, Verlag Éditions Lëtzebuerger Land, Lëtzebuerg, 2004, "Mit der Unterstützung der Fondation Lydie Schmit"
  • Henri Wehenkel, Albert Wingert, héros à l'eau de rose / Henri Wehenkel. - An: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 243 (Febr. 2005), p. 45-47, ill. den Artikel am Internet
  • Marc Kayser, Luxemburger Resistenz und demokratischer Antifaschismus: Albert Wingert und die ALWERAJE: Anmerkungen zu Henri Wehenkels Rezension des Buches "Wir glauben an die Demokratie - Albert Wingert, Resistenzler" / Marc Kayser, Marc Limpach. - An: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 244 (März 2005), p. 47-51, ill.
  • Marc Kayser, Zu den Vorwürfen an Albert Wingert / Marc Kayser, Marc Limpach. - An: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 246 (Mai 2005), p. 52-56, ill.
  • Henri Koch-Kent: Albert Wingert, précurseur de la résistance: 1897-1962. in: Cinquantenaire des Sapeurs-pompiers de Holtz. Luxembourg, 1983, S. 94-101.
  • Henri Koch-Kent: Putsch à Luxembourg?, Imprimerie Hermann, Lëtzebuerg, Januar 2004

Kuckt och änneren

  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.