Syndicat d'initiative et de tourisme Schifflange

De Syndicat d'initiative et de tourisme vun der Gemeng Schëffleng, kuerz SIT-Schifflange, ass den Daachverband vun de Schëfflenger Clibb a Veräiner.

Den 21. Abrëll 1928 gouf de Schëfflenger SIT an d'Liewe geruff. No de Statuten, déi op der extraordinärer Generalversammlung vum 29. Januar 1984 approuvéiert goufen, ass de Schëfflenger SIT eng politesch onofhängeg Associatioun ouni lukrativ Ziler. Zu den Aarbechtsberäicher vum SIT-Schëffleng zielt d'Fërderung vum Tourismus zu Schëffleng.

De Syndicat huet 222 Memberen, dovu ronn 67 Clibb a Veräiner (Stand 2012).

Zu hiren Aktivitéiten zielen, ënner anerem, d'Hexefest, Vernissage fir Fërderung vun Nowuesskënschtler, d'Participatioun um Schëfflenger Niklosmaart, d'Schëff-Art (Konschtevent) an d'Éierung vu Schëfflenger Bierger déi hiren 90., 95. oder 100. Gebuertsdag feieren. Des Weideren ass den SIT, Member am Organisatiounscomité vum Schëfflenger Niklosmaart.

Zanter dem Joer 2010 bréngt de SIT reegelméisseg (dräimol am Joer) säin Informatiounsblat, de Magazine, eraus (Oplo: 3600 Exemplairen), an deem nieft den Aktivitéite vum Syndicat Berichter vun de Veräiner stinn. Des Weidere gëtt den SIT all Trimester säi Kalenner mat de Veräinsaktivitéiten eraus.

De Comité änneren

Juliette Caputto-Johanns (Presidentin), Lydie Eich-Johanns (Vizepresidentin), Mireille Johanns (Administrative Sekretär), Chantal Fonzi-Zwank (Technesche Sekretär), Heike Donkels-Breuer (Tresorier), Jérôme Courtoy (Member), Gisèle Dries-Jacob (Member), Carlo Feiereisen (Member), Patricia Hommel (Member), Eliane Juncker Clement (Member), Raymond Kaps (Member), Viktor Merens (Member) an Simone Wenzel-Mond (Member).

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren