D'Kierch zu Schëffleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Schëffleng gehéiert.

Kierch vu Schëffleng
Parkierch vu Schëffleng (2011)

Parkierch vu Schëffleng (2011)
Parkierch vu Schëffleng (2011)
Uertschaft / Plaz Schëffleng
Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken
Notre-Dame-de-l'Évangile
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Koordinaten 49° 30’ 23.7’’ N
      06° 00’ 44.7’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.

Si steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vun der rue de Hédange, der rue de la Libération an der rue Basse. Direkt hanner der Kierch leeft d'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der fréierer Par Schëffleng, déi zum Parverband Schëffleng-Monnerech, zu der Pastoralregioun Süden an zum Dekanat Esch-Uelzecht gehéiert huet.

Geschicht änneren

Déi éischt bekannt Kierch vun der Par Schëffleng stoung um Mäertesbierg baussent der Uertschaft, do wou haut den ënneschten Deel vum Kierfecht ass. Am Joer 1743 war se an engem ganz schlechten Zoustand. Se gouf ofgerappt an op der selwechter Plaz duerch en Neibau ersat.

An der Uertschaft gouf et awer och d'Pankratiuskapell, déi komplementar zur Parkierch benotzt gouf, an "op der Knupp" stoung, do wou haut d'Parhaus steet.

Wärend der franséischer Revolutioun gouf d'Kierch vu franséischen Zaldote sou staark zerstéiert datt se net méi ze benotze war. 1805 sollt se ganz ofgerappt ginn, mee d'Leit aus der Uertschaft hu sech dogéint gewiert an dofir sinn d'Ruine bis 1821 stoe bliwwen.

Am August 1819 huet de Gemengerot vun Esch-Uelzecht, zu där Gemeng Schëffleng deemools gehéiert huet, fir de Bau vun enger neier Kierch ënnen an der Uertschaft gestëmmt. Enn 1821 gouf mam Bau ugefaangen an 1 Joer drop gouf d'Kiercheschëff konsekréiert. Fir de Bau goufen och d'Steng vun der aler Kierch vum Mäertesbierg benotzt. D'Pankratiuskapell, déi duerch Verkaf a Privatbesëtz iwwergaange war, gouf wärend enger Zäit als Noutkierch benotzt bis déi nei Kierch fäerdeg war. Eréischt 30 Joer méi spéit krut d'Kierch och en Tuerm. D'industriell Entwécklung am Minett huet och zu Schëffleng, dat 1876 eng eege Gemeng gi war, zu enger staarker Vergréisserung vun der Bevëlkerung gefouert, an d'Kierch ass séier ze kleng ginn. 1922 gouf de Kierchtuerm bei engem Brand staark beschiedegt. 1927 war de Gemengerot averstane fir eng nei Kierch ze bauen, awer eréischt Ufank 1938 huet de Gemengerot gréng Luucht gi fir de Bau vun der neier Kierch op der selwechter Plaz wéi déi al.

Ufanks 1939 gouf déi al Kierch ofgerappt an de 16. Juli gouf a Presenz vum Bëschof Joseph Philippe de Grondstee geluecht. Duerch den Ausbroch vum Zweete Weltkrich 1940 konnten d'Aarbechten net weidergefouert ginn, an et huet eng Zäitche gedauert, an där d'Massen an engem Gemengegebai hu misse gehale ginn. De Bau vun der Kierch gouf eréischt am September 1947 ënner der Leedung vum Architekt Schmit-Noesen nees opgeholl. Péngschtsonndeg 1949 gouf se vum Bëschof Léon Lommel konsekréiert.

Dem Patréiner vun der Kierch, dem hellege Mäerten, ass e Relief um rietsen Niewenaltor vun der Kierch geweit. Et weist den hellege Mäerten, deen op sengem Päerd sëtzt an dem Heeschemann e Stéck vu sengem Mantel gëtt. Um ieweschten Deel vum Relief steet S.MARTINE O.P.N..

Laanscht d'Säiteschëffer fënnt ee weider Relieffer, déi Ausschnëtter vum Passiounswee vu Jesus Christus weisen.

Kierchefënsteren änneren

D'Märtyrerfënster iwwer dem Agank gouf ëm d'Joer 1955 vum Frantz Kinnen hiergestallt. D'Fënster besteet aus bemooltem Antikglas a Bläi. Op der Fënster sinn den hellege Mäerten, den hellege Méchel an den hellege Georges. D'Fënster erënnert un déi Plazen, wou Lëtzebuerger am zweete Weltkrich gepéngegt gi sinn. Sou stinn um lénksen a rietse Flillek vun der Fënster d'Nimm vun de Konzentratiounslager Hinzert, Mauthausen, Dachau, Ravensbrück, Natzweiler-Struthof, Buchenwald an Auschwitz-Birkenau. De mëttelsten Deel erënnert un de Generalstreik vum 31. August 1942.

An der Kierch fënnt een nach weider kleng Fënstere vum Frantz Kinnen. Op dëse gesäit een:

An de Säiteschëffer sinn zwou grouss Héichfënstere vum Ad Deville, déi d'Jongfra Maria mat enger Kroun an de Jesus vun Nazaret als Kinnek weisen. Et si Bläiverglasunge mat bemooltem Antik-, Opal-, a Goetheglas.

Dafkapell änneren

D'Dafkapell ass ganz vum Ad Deville geschaf ginn.

Uergel änneren

D'Uergel an der Schëfflenger Kierch ass aus dem Joer 1955 a staamt vun der Firma Sebald vun Tréier an ass bis haut onverännert bliwwen. Se gouf de 5. Mee 1957 vum Bëschof Léon Lommel ageweit a bei där Geleeënheet vum Doumorganist, dem Maître Albert Leblanc gespillt.[1]

Klacken änneren

Am Tuerm hänken dräi Klacken, déi an den Téin a' g' e' lauden.

Literatur änneren

  • Jean Hansen, 1997, Schëffléng, séng Geschicht a séng Geschichten, Association des commerçants et artisans, Quintus (Esch-Uelzecht), 251 S.
  • Emile Donckel, 1974, Eine kleine Geschichte der Pfarrei Schifflingen, Maison des oeuvres (Schëffleng), 70 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Schëffleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Festtag in der Pfarrei Schifflingen - Einweihung der neuen Orgel und Verleihung von päpstlichen Auszeichnungen durch S.E. Bischof Mgr. Lommel, am Luxemburger Wort vum 9. Mee 1957