Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Näerzeng op Rëmeleng.

Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng
En historeschen CFL Westwaggon an der Gare Näerzeng
Streckekaart vun der Linn 6c
Linnennummer 6c
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Näerzeng
op Gare Rëmeleng
iwwer Brucherbierg, Gare Keel, Gare Téiteng
opgaangen 1860
Technesch Donnéeën
Längt 5,9 km
Gréisst Steigung 8 ‰
Klengste Radius 325 m, 271,4 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 75 km/h
Stroumsystem 25kV Wiesselstroum
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
PK PK-Bt[1]
Uschloss: Beetebuerg 0,000
Gare Näerzeng 0,00 4,090
Ofzweigung Esch 0,12
Autobunn A13 0,83
Ofzweigung Brucherbierg 1,20
Puelbech 1,98
Barriär PN. 105 Keel CR166 Schëfflenger Srooss 2,14
Nationalstrooss N 31 (Keel - Esch) 2,84
Gare Keel 3,00 5,310
Bermicht 3,09
Gare Téiteng 3,91 7,981
Téiteng (Rue des Légionnaires - Rue de l'Eau) 4,24
Ofzweigung Intermoselle
Barriär PN. 106 CR166 4,96
Gare Rëmeleng 5,92 9,980

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

D'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng gëtt vun der Eisebunnsverwaltung als Linn 6c bezeechent. Bis Enn 2024 war s'am kommerzielle Passagéierverkéier vun der CFL als Deel vun der Linn 60 bekannt.

Iwwer d'Streck fiert follgend CFL-Linn(Stand: Januar 2025)

  • Näerzeng - Rëmeleng, eng Niewelinn vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.

Op der eegleiseger Streck mat enger Längt vu 5,9 km ass d'Vitess op 75 km/h limitéiert.

Geschicht vun der Streck

änneren

Duerch en Arrêté royal grand-ducal vum 20. Juni 1859[2] krut d'Compagnie Guillaume-Luxembourg (gekierzt GL, oder „de Wëllem“ genannt) d'Konzessioun fir vu Beetebuerg aus en Uschloss an d'Minettsgéigend ze bauen, an zwar iwwer Näerzeng op Esch a mat engem Gleis vun Näerzeng aus op d'franséisch Grenz Rëmeleng - Ëtteng[2]. D'Aarbechte fir de Bau vun der Streck hunn den 18. Oktober 1859 ugefaangen. De Schantjen ass séier virugaangen, e krut dunn awer e Retard vun e puer Wochen, well bei Rëmeleng en Hank gerëtscht war. D'Streck ass schlussendlech am Mee 1860 ofgeholl a kuerz drop, den 1. Juni 1860, ouni offiziell Aweiung opgemaach ginn. Fir de Persounentrafick bestoung op der neier Streck just d'Grenzgare Rëmeleng-Ëtteng; fir d'Gidder gouf et d'ëffentlech Verluedequaie Brucherbierg (PK 5,558), Keel (PK 6,968), Téiteng (PK 8,078) a Rëmeleng (PK 9,914).

Eréischt vun 1874 u kruten d'Minièren d'Méiglechkeet eege Gleiser op de Verluedeplazen unzeschléissen. Follgend Privatgleiser si vun Ëtteng aus fortgaangen:

  • eng 1.117 m laang Streck bei d'Héichiewe vu Jahiet, Gorand, Lamott et Cie;
  • eng 867 m laang Streck bei d'Grouwe vum Thomas Byrne;
  • eng Streck vu 776 m bei d'Minière vun der Saarbrücker Hüttengesellschaft.

Vun 1872 un huet d'Aktiegesellschaft Gonner, Munier, Helson & Cie d'Rëmelenger Schmelz opgeriicht, déi vu Rëmeleng aus iwwer e privat Gleis ugeschloss gouf.

Op Demande vun der Keeler Gemeng ass de 24. Mäerz 1874 nieft dem Verluedequai zu Keel eng Halt fir de Persouneverkéier opgaangen. Uganks bestoung do just en hëlze Waardehaischen, ier 1881 e Voyageursgebai an e Materialschapp gebaut goufen.

D'Gare Ëtteng ass ëmmer nees a Richtung vum Zentrum vu Rëmeleng vergréissert ginn (a Richtung Frankräich war eng Ausdeenung net méiglech) a vun 1880 u hunn d'Eisebunnsanlage sech vum Agang vu Rëmeleng bis op d'Grenz gezunn. Fir d'Lokomotiven op der Grenz ze dréien, ass 1880 eng Dréischeif agebaut ginn.

Fir de Rëmelenger Baseng besser unzebannen, krut „de Wëllem“ mam Gesetz vum 12. Abrëll 1882[3][4] d'Konzessioun fir zwou Niewestrecken unzeschléissen:

  • eng vu Rëmeleng aus a südëstlecher Richtung, laanscht de Perchesbierg bis op den Hesselbierg, déi de 7. Mee 1884 opgaangen ass. D'Gleiser goufen 1980/81 am Kader vun den Noutstandsaarbechten erausgerappt an den Ënnerbau un d'Gemeng Keel verkaaft. Haut ass op enger Partie vun där Streck en Trëppelpad, an et kann een nach Iwwerreschter vun de Verluedequaie gesinn;
  • eng aner déi tëscht de Quaie vun Téiteng a Rëmeleng a Richtung Laangegronn gefouert huet an den 29.September 1884 opgaangen ass. Se besteet (zënter 1977) haut nach fir d'Firma Intermoselle ze bedéngen. Deen Deel gouf 1980 elektrifizéiert. Op där Streck louch och den Tunnel Huttbierg vun 80 Meter Längt, deen 1884 fäerdeg gouf a vun 2021 un ofgerappt gouf.

1885 goufen an der Gare Rëmeleng-Ëtteng eng Partie Gebaier gebaut: e Wunnhaus fir d'Personal, en Toilettenhaischen, e Lokomotiveschapp an Niewegebaier. De 15. Juli 1900 ass du beim Rëmelenger Zentrum eng zousätzlech Gare um PK 9,995 bei der Barriär opgaangen an d'Passagéier hunn net méi bis op d'Grenzgare goe missen.

Tëscht 1903 an 1909 ass och d'Téitenger Gare ausgebaut ginn andeems d'Voyageursgebai an de Gidderschapp vergréissert goufen, zousätzlech Gleiser geluecht goufen an d'Streck op ronn 950 m. Längt bis op d'Halt vu Keel zweegleiseg ausgebaut gouf.

An der Zäit vun der Reichsbahn (1940 - 1944) huet sech net vill un der Streck verännert.

1951 krut Téiteng – als zweet Gare zu Lëtzebuerg – en elektrescht Stellwierk.

Am Kader vun der Elektrifizéierung vun den Industriestrecken am Süden, ass d'Streck den 29. September 1960 op Elektresch ëmgestallt ginn.

Vun 1981 u war an der Grenzgare Rëmeleng-Ëtteng kee Personal méi, just d'Gare am Zentrum vu Rëmeleng blouf wéinst der Barriär niewendrun nach besat.

Dat Stéck vun der Rëmelenger Gare bis op Grenzgare gouf den 1. Juni 1996 fir zerguttst zougemaach, den Uschloss a Frankräich ass scho méi laang net méi befuer ginn. Domat ass aus der haiteger Gare eng Kappgare ginn, an d'Barriär an der Entrée vu Rëmeleng konnt och suppriméiert ginn. Op där Plaz ass haut e Kreesverkéier.

Als Iwwerreschter kann een nach déi al Gare op der Grenz zu Rëmeleng gesinn, an eng Partie vun der ofgerappter Streck op Ëtteng.

Zukunft vun der Streck

änneren

Am Mee/Juni 2010 gouf bekannt, datt iwwerluecht gëtt, fir kee Persounentransport méi op der Streck unzebidden[5]. Virun allem d'Feele vun Direktverbindungen an d'Stad an d'Konkurrenz vum Bus hunn d'Streck vill vun hirer Attraktivitéit kascht.

Etüde vum Transportministère hu festgestallt, datt duerchschnëttlech nëmme 75 Leit den Dag de Service benotzen, wat 6 Leit pro Zuch sinn. D'Spuerpotential gëtt dobäi op 1,3 Milliounen Euro d'Joer geschat.

D'Gemenge laanscht Streck fäerten, se géifen un Attraktivitéit verléieren. Pläng fir e Park and Ride zu Téiteng wieren domat geneesou a Gefor, wéi d'Abanne vun der Linn an de sougenannte Südtram[6].

Am Nationale Mobilitéitsplang 2035 ass elo awer virgesinn, fir an Zukunft nees méi Zich op der Streck Näerzeng-Rëmeleng fueren ze loossen, ë a. well d'Bussen op der N33 (Keel - Téiteng - Rëmeleng) net iwwerall prioriséiert kënne ginn. Mat engem Hallefstonnentakt op der Streck, géifen d'Uschlëss zu Näerzeng och verbessert ginn. Et ass och virgesinn eng zousätzlech nei Halt unzefueren, mat där de Quartier Keel-Nord besser ugebonne géif. Wann d'Demande grouss genuch wier, kéinten an enger zweeter Phas och Direktzich bis an d'Stad ageplangt ginn, wat awer och bedeite géif, datt neit Rullmaterial ugeschaaft misst ginn[7][8].

Stand Mäerz 2025 ginn op der Streck just e puer Faarte vu méindes bis samschdes an de Spëtzestonnen ugebueden.

Passagéierzuelen

änneren

Op der Streck Näerzeng - Keel - Rëmeleng goufen am Joer 2022 15.000 Leit transportéiert, dat Joer duerno waren et der 23.000[7].

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Kilometréierung vu Beetebuerg aus (cf DRR Annexe 2A – S. 44)
  2. 2,0 2,1 Arrêté royal grand-ducal du 20 juin 1859 - Concession à la Société Guillaume-Luxembourg, d'un embranchement de chemin de fer de Bettembourg vers deux points des minières du canton d'Esch.
  3. (fr)Loi du 12 avril 1882, portant approbation de la convention du 29 mars 1882, relative à la construction et a l'exploitation de divers embranchements de chemins de fer dans les vallées de Rumelange et de la Hoehl, et de Bettembourg à Dudelange. data.legilux.public.lu (12.04.1882). Gekuckt de(n) 18.03.2025.
  4. idem, mam Text vun der Konventioun (PDF)
  5. Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort vum 8. Juni 2010 Archivéiert de(n) 11.06.2010. Gekuckt de(n) 08.06.2010.
  6. De Projet Südtram op rail.lu
  7. 7,0 7,1 Luc Ewen, „Auf die Nebenlinien ist nicht immer Verlass“, Luxemburger Wort, 20.03.2024, S. 16
  8. (de)Broschüre : PN.M 2035 - Nationaler Mobilitätsplan, "Ausbau der Käldall-Stichbahnstrecke mit Endhaltestelle Rumelange", S. 50. transports.public.lu (11.04.2023). Gekuckt de(n) 20.03.2024.