Eisebunnsstreck Péiteng-Rodange Grenz (Attem)

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Eisebunnsstreck Péiteng-Rodange Grenz (Attem) ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Péiteng op d'belsch Grenz a weider op Attem.

Eisebunnsstreck Péiteng-Rodange Grenz
Linnennummer 6j
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Péiteng
op Gare Attem
iwwer Gare Rolleng
opgaangen 1. Dezember 1874
Technesch Donnéeën
Längt 4,1 km
Gréisst Steigung 15 ‰
Klengste Radius 291,25 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 70 km/h, 100 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Péiteng-Rodange Grenz (Attem) gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn änneren

D'Eisebunnsstreck Péiteng-Rodange Grenz (Attem) gëtt als Linn 6j bezeechent.

Geschicht änneren

D'Streck ass den 1. Dezember 1874 vun der Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH) opgemaach ginn a se gouf den 28. Mee 1961 elektrifizéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eisebunnsstreck Péiteng-Rodange Grenz (Attem) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten änneren