Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn
(Virugeleet vu(n) CFL-Linn 4)

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter ass eng eegleiseg Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Lëtzebuerg iwwer Bierchem a Siren op Éiter.

Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter
En Zuch vun der Linn 3 dee wéinst engem Schantjen iwwer d'Éiter-Streck (Linn 4) ëmgeleet gëtt
Streckekaart vun der Linn 4
Linnennummer 4
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Lëtzebuerg
op Gare Éiter
iwwer Bierchem, Siren
opgaangen 1918
Technesch Donnéeën
Längt 16,2 km
Gréisst Steigung 12 ‰
Klengste Radius 300 m
Spuerbreet Normalspuer
Streckentyp eegleiseg
Vitesslimitatioun 60 km/h, 120 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
Distanz
km
Uschloss: Waasserbëlleg
Uschloss: Ettelbréck - Ëlwen
Gare Lëtzebuerg 0,0
N3 (Diddenuewener Strooss)
Lëtzebuerg-Triage 1,3
Uschloss
Gare Hollerich-Zwickau
B 3
Tunnel Rangwee
Tramsbréck 2,1
Gare Houwald 2,2
CR231
A1
Feldwee Grousseweier
Feldwee Duelem
Vizinalstrooss Fenteng - Kockelscheier
Ofzweigung Bierchem 5,0

CR159
Uelzecht
5,25
Uschloss Linn 6
Stellwierk
5,7
CR157 6,3
N3 6,88
Feldwee
CR154
Tunnel Gelsbierg
Rue de la Source
Bréck iwwer d'Trudlerbaach
CR226
Betribsgare Siren
mat Iwwwerhuelgleis
11,4
Feldwee Wangertsbierg
Feldwee Milbecher Gewan
Quartier Milbech
CR234
N2
CFL-Linn 3
Gare Éiter 16,2

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter gëtt als Linn 4 bezeechent; se gëtt haaptsächlech fir de Gidderverkéier aus oder a Richtung Däitschland benotzt, dee bal komplett iwwer dës amplaz iwwer d'Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg fiert.

D'Persounenzich tëscht (Tréier), Waasserbëlleg a Lëtzebuerg fueren awer och deelweis iwwer d'Streck. Am Fall vun enger Stéierung oder wéinst Aarbechte kann awer och de ganzen Trafic tëscht Éiter a Lëtzebuerg iwwer d'Alternativstreck ëmgeleet ginn.

Geschicht

änneren

Schonn zanter den 1890er war d'Kapazitéit op der eegleiseger Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg, déi der Guillaume-Luxembourg (GL) gehéiert huet, ausgelaascht. De Grond war virun allem de Gidderverkéier aus de Lëtzebuerger Schmelzen, dee staark an d'Luucht gaangen ass. Et gouf deemno driwwer nogeduecht, d'Streck zweegleiseg auszebauen. Et huet sech awer séier erausgestallt, datt et besser wier, eng alternativ Streck iwwer Bierchem ze bauen, déi engersäits ëm ca. 10 km méi kuerz war an anersäits och manner Steigungen hat[1].

De Guillaume-Luxembourg hat awer keen Interessi un der neier Verbindung, absënns well duerch déi méi kuerz Streck, manner Recetten erakomm wieren. Dowéinst wollt d'Administration des chemins de fer d'Alsace et de Lorraine (déi och d'Strecke vum GL bedriwwen huet) déi nei Streck selwer bauen. En entspriechende Staatsvertrag gouf am November 1902 ënnerschriwwen, ma geschitt ass uganks awer näischt.

Eréischt 1907 gouf ugefaangen déi geplangt Streck auszemoossen an déi Aarbechten hu bis 1913 gedauert. Am selwechte Joer gouf och d'Finanzéierung ugeholl. 1915 hunn d'Aarbechten du schlussendlech ugefaangen. D'Baupläng goufen zwar fir en zweegleisegen Ausbau opgestallt, ma fir dat zweet Gleis bestoung nach keng Konzessioun. Nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich, wéi déi deelweis eegleiseg Wasserbëlleger Streck fir d'Noschubtransporter fir déi däitsch Armé net genuch Kapazitéit hat, an d'Streck Éiter-Lëtzebuerg via Bierchem komplizéiert gewiescht wier, well zu Bierchem hätt missen ëmgesat ginn, a sou net vill Wäert fir déi däitsch Arméi hat, huet déi 1917 - ouni rechtlech Basis - mam Bau vun enger Verbindungskéier bei Fenteng a Richtung Lëtzebuerg ugefaangen. Zugläich gouf och d'Streck vun der Verbindungskéier un, bis an d'Gare Lëtzebuerg op dräi Gleiser ausgebaut. Am Hierscht 1918 waren d'Aarbechte sou gutt wéi ofgeschloss.

Am Oktober 1918 war d'Streck fäerdeg gebaut, et konnt allerdéngs just iwwer d'Verbindungskéier a Richtung Lëtzebuerg gefuer ginn, well d'Bréck iwwer d'Uelzecht, op der Streck wéi se original virgesi war, d.h. um Uschloss vu Bierchem aus - nach net fäerdeg war. Deen Deel vun der Streck gouf eréischt nom Ufank vum Zweete Weltkrich wärend der Naziokkupatioun vu Lëtzebuerg haaptsächlech fir d'Arméi fäerdeg gebaut an am September 1940 a Betrib geholl[2].

D'Elektrifizéierung vun der Streck gouf 1956 beschloss, mam elektresche Betrib konnt 1959 ugefaange ginn.


Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

änneren
  1. Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 267
  2. Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 270