Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Beetebuerg op Wuelmereng.

Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng
D'CFL-Statioun zu Wuelmereng
Streckekaart vun der Linn 6b
Linnennummer 6b
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Beetebuerg
op Gare Wuelmereng
iwwer Gare Diddeleng-Bireng, Gare Diddeleng-Stad, Gare Diddeleng-Zenter, Gare Diddeleng-Schmelz
Technesch Donnéeën
Längt 7 km
Gréisst Steigung 11 ‰
Klengste Radius 190 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 80 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
P.K.
Beetebuerg 0,000
Diddelengerbaach
Ofzweigung Arcelor Mittal Diddeleng
A 13
P.N. 102d Biereng (Route de Burange)
Biereng (Rue J. Simon)
Diddeleng-Biereng 3,000
Diddeleng-Stad 3,950
Diddeleng CR160
(R. de Kayl - Av. Grande-Duchesse Charlotte)
4,050
P.N. 103b   Diddeleng (Rue Jean Jaurès) 4,355
Diddeleng-Zenter 4,450
P.N. 104 a   Diddeleng (Rue Karl Marx) 4,550
Uschloss Walzwierk Diddeleng
Diddeleng-Schmelz 5,223
Wuelmereng 7,000

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn änneren

D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng gëtt als Linn 6b bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass et eng Antenne vun der Linn 60[1]. Si ass 7 km laang an - ausser an der Gare Diddeleng-Schmelz - op der ganzer Streck eegleiseg. D'Vitess op der Streck ass op 80 km/h limitéiert.

Geschicht änneren

Wéi an den 1880er Joren eng Schmelz zu Diddeleng geplangt gouf, war och en Uschloss un d'Bunn néideg. D'Zuchstreck Metz - Lëtzebuerg, déi 1859 opgemaach gi war, ass zwar schonn iwwer Diddelenger Territoire gefuer, ma déi nooste Gare war zu Beetebuerg. Den 20. Dezember 1883 ass d'Streck Beetebuerg - Diddeleng dunn opgemaach ginn. 1884 gouf den Uschloss op d'Beluedstatioun Reiteschkopp realiséiert an zanter 1888 war dat Gleis en Deel vun der Eisebunnsstreck[2]. Wéi dunn 1886 d'Diddelenger Schmelz opgoung ass den Transportvolume gewalteg an d'Luucht gaangen. Absënns well all Brennstoffliwwerungen an e groussen Deel vum Eisenäerz mat der Bunn transportéiert goufen, huet d'Streck zu enge vun de profitabelste Strecken zu Lëtzebuerg gehéiert[3].

1959/60 gouf d'Streck elektrifizéiert, deen elektresche Betrib huet den 9. Juli 1960 ugefaangen[3].

Wéi 1984 d'Stolwierk zougemaach gouf, blouf nëmmen nach e Walzwierk zu Diddeleng bestoen. De Gidderverkéier huet séier ofgeholl an déi kuerz Streck op d'Reiteschkopp gouf 1988 zougemaach[4].

An den 1990er Jore koumen déi nei Halten Diddeleng-Biereng an Diddeleng-Zentrum bäi.

D'Verlängerung vun der Streck bis an dat franséischt Wuelmereng gouf 2001 beschloss an d'Verlängerung vun der Streck gouf am Dezember 2003 ageweit[4].

Wéi 2005 d'Walzwierk zougemaach huet, war et 2006 och mam Gidderverkéier eriwwer[4] an zanterhier ass d'Streck just nach fir de Persouneverkéier op.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten änneren

  1. Réseau op cfl.lu, gekuckt den 8. Mäerz 2020
  2. Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 360
  3. 3,0 3,1 ibid S. 361
  4. 4,0 4,1 4,2 ibid S. 362