Nationalstrooss 3
D'Nationalstrooss 3 oder N3 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Si féiert vu Lëtzebuerg op Fréiseng a vun do weider a Frankräich, wou se Uschloss un déi franséisch D653 huet.
![]() | |
![]() | |
![]() | |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
---|---|
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 2 |
Koordinaten | 49°36'27,25"N, 6°7'39,61"O |
Enn | Fréiseng |
Koordinaten | 49°30'22,39"N, 6°11'34,98"O |
duerch | Lëtzebuerg, Hesper, Weiler zum Tuer, Fréiseng |
Längt | 13 km |
Vitesslimitatioun | 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 3 |
Si huet hiren Ufank an der Stad op der Metzer Plaz wou se vun der N2 fortgeet. Vun do féiert se iwwer d'Nei Avenue, dann iwwer d'Garer Plaz an d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck iwwer d'Eisebunn op d'Diddenuewener Strooss. Se leeft duerch Bouneweg, iwwer den Houwald an ënner der Autobunn A1 erduerch bis op Hesper.
Vun do geet se virun iwwer d'Route de Thionville duerch Alzeng bis op de Schlammestee, wou se den CR132 kräizt.
Duerno geet et weider duerch d'Rue de Luxembourg bis an den Zentrum vu Fréiseng, wou se d'N13 (Dräikantonsstrooss) kräizt. No der Kräizung leeft se virun iwwer d'Rue Robert Schuman bis op d'franséisch Grenz, wou se an déi franséisch D653 iwwergeet. Kuerz virun der franséischer Grenz passéiert se nach e Rond-point wou se Uschloss un d'Autobunn A13 huet.
D'N3 ass ronn 13,0 km laang.
Si gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.
Entwécklung vun der N3Änneren
Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau sinn 1995 déi Deeler vun der Paräisser Plaz an dem Rousegäertchen, déi baussent der Emprise vun der N3 louchen, an d'Kompetenz vun der Stad Lëtzebuerg gefall[1].
2020 hunn d'Viraarbechten ugefaangen, d'Strooss vum Ufank vun der Diddenuewener Strooss zu Bouneweg aus bis hannert Hesper ëmzeleeden, fir mëttelfristeg Hesper ganz ze ëmfueren.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalstrooss 40.
BillerÄnneren
Ufank op der Metzerplaz.
D'N3 zu Hesper.
Enn op der Grenz mat Frankräich zu Fréiseng.
Déi nei N3 zu BounewegÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Route nationale 3 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-17.