Grouss-Hetteng
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | ![]() | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Thionville | ||||
Kanton | Yutz | ||||
Postcode | 57330 | ||||
Gemengecode | 57323 | ||||
Koordinaten | 49° 24’ 24’’ N 06° 09’ 14’’ O | ||||
Fläch | 1 627 ha | ||||
Bevëlkerung | 7 562 (2007) | ||||
D'Kierch vu Grouss-Hetteng |
Hettange-Grande (Grouss-Hetteng op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, eng 7 km vun der Diddelenger Grenz ewech.
GeographieÄnneren
Hetteng läit beim Dräilännereck Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich.
Duerch Grouss-Hetteng féiert d'Departementsstrooss D653, fréier N53, déi do zu der Voie de la Liberté gehéiert.
D'Gare vu Grouss-Hetteng op der Eisebunnsstreck Metz-Zoufftgen gouf bis 2000 net méi benotzt. Du gouf se dat Joer am Januar erëm aktivéiert, haaptsächlech fir de Persounentransport vun de Frontalieren déi op Lëtzebuerg schaffe ginn, op där Streck méi effikass ze maachen.
GeologieÄnneren
1864 huet de Schwäizer Geolog Eugène Renevier an der Carrière Gries um Terrain vun der Gemeng festgestallt, datt do déi éischt stratigraphesch Etage vum Lias géif leien, déi op seng Propos hin zanterhier Hettangien (de: Hettangium) genannt gëtt. Dës Schicht an der Steekaul Gries ass haut de Stratotypus, dat heescht déi international Referenz fir den Hettangien.[1] D'Schichten aus dem Hettangien sinn tëschent 201,3 ± 0,2 an 199,3 ± 0,3 Millioune Joren entstanen.[2] Zu der selwechter Schicht gehéiert och de Lëtzebuerger Sandsteen. D'Steekaule Gries sinn als geologescht Naturschutzgebitt klasséiert ("réserve naturelle géologique").
E baliséierte Wee an e klenge Musée sinn do fir d'Fossilien an d'Steng besser kennenzeléieren, an och d'Blummen, d'Planzen an d'Déierewelt z'entdecken.
Am Buedem an der Géigend vun Hetteng war nach en anere Räichtum: d'Minett. D'Eiseminne ware vun 1904 bis 1979 a Betrib an d'Aarbechter-Citéen hunn d'Landschaft nohalteg markéiert.
GeschichtÄnneren
D'Stad ass wéinst senger geologescher Bedeitung weltbekannt.
An der Ëmgéigend si verschidden Iwwerreschter vun der Maginot-Linn erhalen. De "petit ouvrage" Immerhof, den eenzegen deen een op deem Deel vun der Maginot-Linn nach besiche kann, ass mat sengen 300 Meter Galerien, senge 4 Bléck a sengen Tourellen, déi nach funktionéieren, perfekt erhalen.
KuckeswäertesÄnneren
Et si vill Spadséiergäng méiglech an enger Stad déi nach relativ vill gréng ass: zum Beispill an den 1000 ha Bëscher, déi méi wéi e Véirel vun der Gemeng ausmaachen, an zu deenen den Hettenger Staatsbësch gehéiert, oder an de verschiddene Quartiere vun der Stad wou ee Skulpture bewonnere kann.
Hetteng a Séitrech si loutrengesch Dierfer wou nach "Bildstocken" (Weekräizer) ze gesi sinn.
- Geologescht Naturschutzgebitt Grouss-Hetteng
- Bunker vun der Maginot-Linn
- D'Kierch mat hirem Gaart an d'Aussiicht iwwer d'Stad
- D'Kapell vu Séitrech mat Elementer aus dem 15. Joerhonnert
BevëlkerungsentwécklungÄnneren
Joer | 1962 | 1968 | 1975 | 1982 | 1990 | 1999 | 2007 |
Awunner | 4502 | 5037 | 5621 | 5786 | 5734 | 6356 | 7562 |
FotoenÄnneren
Kuckt ochÄnneren
LiteraturÄnneren
- Hanzo, M. (coord.), 2012. Stratotype Hettangien. Muséum national d'histoire naturelle, Paris et Biotope éditions. 317 p.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Grouss-Hetteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Hanzo, M., 2012. Stratotype Hettangien.
- ↑ Charte stratigraphique internationale (2012)