Tunnel Rangwee

Stroossentunnel zu Lëtzebuerg

Den Tunnel Rangwee ass e 60 Meter laangen Tunnel tëscht dem Rond-point Gluck zu Gaasperech an dem Rangwee um Houwald. En ass 2001 opgaangen. 2020-2021 koum en zweete Rouer derbäi, deen am Mäerz 2023 a Betrib geholl gouf.

Tunnel Rangwee
Ost-Afaart an den Tunnel Rangwee
Typ Stroossentunnel
Strooss Rangwee
Eisebunnstreck Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz
Technesch Donnéeën
Längt 60 m.
Réier 1 (+1)
Kapp 1
Koordinaten
49° 35’ 06.2’’ N
      06° 08’ 08.4’’ O
Kapp 2
Koordinaten
49° 35’ 06.2’’ N
      06° 08’ 05.3’’ O
Bau
Geographie
Land Lëtzebuerg

Geschicht änneren

1967 war en éischte schmuelen, eespueregen Tunnel ënnert de Gleiser erduerch gebaut ginn. Deen Tunnel, deen ongeféier 30 Meter nërdlech vum haitegen ewech louch, ass 2001 zougemaach gi wëll en ze enk an an engem schlechten Zoustand war.

Den aktuellen Tunnel gouf vun der Bauverwaltung gebaut an huet eng Breet vun 13,70 Meter vun deenen zwou Spuere mat allkéiers 3,50 Meter fir de Stroosseverkéier reservéiert sinn. Den Tunnel huet eng maximal Héicht vu 4,5 Meter.

Op der südlecher Säit ass eng technesch Galerie iwwert déi - iwwert dem normale Stroossenniveau - e Foussgänger- a Vëloswee vun 3 Meter breet leeft. Dëse Wee féiert laanscht den Hiwwelpark an da queesch iwwer d'A3 a Richtung Gaasperech.

Iwwert den Tunnel lafen eng zéng Gleiser mat e puer Weichen, dorënner d'CFL-Streck 6 op Beetebuerg an de Sillon lorrain op Nanzeg.

Ausbau änneren

Am Kader vun der nei geplangter Ëmgeeung vu Bouneweg, der N40, huet d'Chamber am August 2018 e Gesetz gestëmmt fir den Tunnel Rangwee ëmzebauen[1].

Dofir gouf en neien Tunnel gebaut, do wou den Tunnel vun 1967 zougetippt gi war. Deen huet, grad wéi deen alen, zwou Spuere vun am Ganze 7 Meter Breet. Op der nërdlecher Säit koum en dräi Meter breede Wee fir Foussgänger a Cyclisten derbäi.

D'Aarbechten hunn am Fréijoer 2020 ugefaangen a bis Enn 2021 gedauert. Fir de Verkéier ass den neien Tunnel awer eréischt den 12. Mäerz 2023 opgaangen, wéi d'Rue des Scillas ëmgebaut gouf[2][3]. Provisoresch geet de Verkéier elo bidirektional duerch den neie Rouer, bis d'Aarbechten ofgeschloss sinn an da ginn zwou Spueren duerch deen 'alen' Tunnel, déi vum haitege Rond-point a Richtung Houwald féieren, an zwou duerch deen neien an d'Géigerichtung.

Biller änneren

Den alen Tunnel änneren

Schantje fir den neien Tunnel änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tunnel Rangwee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 21 août 2018 relative à la réalisation du pôle d'échange Howald et du réaménagement de la rue des Scillas op legilux.lu
  2. Le futur tunnel Rangwee, cette pièce d'un vaste puzzle. Luxemburger Wort - Edition francophone (2021-03-29). Gekuckt de(n) 2021-04-10.
  3. (fr)Trafic Info - Chantier Rangwee à partir du 12.03.2023. vdl.lu. Gekuckt de(n) 08.03.2023.