Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Téiteng bis bei d' Zementwierk am Laangegronn.

Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn
Gare Téiteng.jpg
D'Gare vun Téiteng
CFL lijn 6d.png
Streckekaart vun der Linn 6d
Linnennummer 6d
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Téiteng 49°28'32"N, 6°2'6"O
op Laangegronn 49°28'1,99"N, 6°0'31,00"O
opgaang 29 September 1884
Technesch Donnéeën
Längt 3,3 km
Gréisst Steigung 24 ‰
Klengste Radius 184,282 m
Spuerbreet Normalspuer
Streckentyp eegleiseg
Vitesslimitatioun 40 km/h
Stroumsystem Elektrifizéierung mat 25 kV ~, Catenaire
Zuchsécherungssystem European Train Control System


Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barrièren
P.K.
BSicon STR.svg Uschloss: Näerzeng-Rëmeleng
BSicon BHF.svg Gare Téiteng 0,00
BSicon BUE.svg PN 106 Téiteng (Kierfecht) 1,140
BSicon BUE.svg PN 106a Rëmeleng (Kierfechtsstrooss) 1,852
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Huttbierg (80 m) 1,910
BSicon BRÜCKE1.svg Rëmeleng (Paartegronn) 2,065
BSicon BRÜCKE1.svg Rëmeleng (Escher Strooss) 2,515
BSicon BRÜCKE1.svg Rëmeleng (Escher Strooss) 2,590
BSicon BUE.svg PN 106b Rëmeleng (Rembur) fir Foussgänger 2,745
BSicon SBRÜCKE.svg Rëmeleng (Heedterwee / Deel Rembur) 3,020
BSicon KBHFe.svg Intermoselle am Laangegronn 3,300

D'Trasse fir d'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

LinnÄnneren

D'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn gëtt als Linn 6d bezeechent an ass eng Antenn vun der CFL-Linn 6. D'Gleis huet säin Ufank an der Téitenger Gare, wou et awer nach bis bei de Rëmelenger Kierfecht nieft dem Gleis vun der Linn 6c leeft, ier et dann a Richtung vum Rëmelenger Laangegronn ofbéit.

Déi 3,3 km laang eegleiseg Streck gëtt just fir de Giddertransport fir d'Zementwierk vun der fréierer Intermoselle benotzt. D'Vitesse op der Streck ass op 40 km/h limitéiert.

GeschichtÄnneren

D'Linn déi deemools vun der Guillaume-Luxembourg exploitéiert gouf, ass den 29.September 1884 opgaangen, wéi den Tunnel Huttbierg vun 80 Meter Längt fäerdeg gebaut war.

Am Ufank ass et drëms gaange fir Minett op verschidde Quaie sichen ze goen. E Gleis goung souguer bis op de Rëmelenger Kierchbierg. Nom Néiergank vun der Minettsfërderung huet uganks der 1970er Joren de Bau vun der Intermoselle en neie Besoin fir dës Linn beschaaft. An deem Kader sinn e puer Ëmännerunge geschitt: d'Barrière am Laangegronn (PN 107) ass zougemaach ginn an e puer honnert Meter méi héich gouf eng Bréck gebaut fir Camionen en Accès op d'Intermoselle ze ginn.

1980 gouf d'Linn elektrifizéiert.


Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren